Gemeng Wuermer
D'Gemeng Wuermer, op Miseler Wormer, d'"Rieslingsgemeen", ass eng vun den 102 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. D'Haaptuertschaft ass Wuermer.
Wuermer | |
---|---|
![]() | |
![]() Wuermerer Gemengenhaus (2014) | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Wormeldange de: Wormeldingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Buergermeeschter | Mathis Ast |
Awunner | 3.054 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.725 ha |
Héicht | 140 m |
Koordinaten |
49° 36’ 43’’ N 06° 24’ 22’’ O |
Websäit | http://www.wormeldange.lu/ |
D'Gemeng Wuermer (orange) am Kanton Gréiwemaacher (rout) | |

Uertschaften an der GemengÄnneren
Häff a Lieu-ditenÄnneren
GeographieÄnneren
D'Gemeng Wuermer läit op der Musel am Oste vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 140 an 340 m (NG-L). Mat zirka 11 Kilometer Uferlängt vun der Hëttermillen bis op d'Deisermillen an 369 ha Wéngerten huet Wuermer déi gréisst Wäibaufläch am Land.
Nopeschgemenge si Gréiwemaacher am Norden, Fluessweiler a Lenneng am Westen a Stadbriedemes am Süden.
Zu Éinen lafen d'Gouschtenger Baach an d'Lennenger Baach zesummen an dann an d'Musel. Zu Wuermer leeft d'Albaach an zu Ohn leeft d'Donwer Baach an d'Musel.
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
Buergermeeschteren[1]Änneren
Fréier Gemeng MeechtemÄnneren
- bis Mee 1820: Dominique Weydert
- Mee 1820 - Sept. 1823: Pierre Apel
De Pierre Apel ass am Oktober 1823, wéi Meechtem eng Sektioun vun der Gemeng Wuermer gouf, den zweete Schäffe ginn
Gemeng WuermerÄnneren
- ....
- bis 1823: Joseph Heynen, Éinen
- bis 1823: Michel Eischen (maire-adjoint)
- Okt. 1823 - Okt. 1830: Nicolas Wellenstein, Éinen
- 1830 - 1836: Theodor Eichhorn, Wuermer
- 1836 - 1839: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
- Aug. 1839 - Abr. 1842: Nicolas Wellenstein, Éinen
- 1842 - 1848: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
- 1848 - 1854: Jean Wurth, Wuermer
- 1854 - Jan. 1855: Mathias Wawer, Éinen
- Mäerz 1855 - Dez. 1861: Egidius Gindt, Wuermer
- Jan. 1862 - Dez. 1863: Michel Fohl, Éinen
- Mäerz 1864 - 1866: Nicolas Toussaint, Meechtem
- 1867: Albert Wawer, Éinen
- 1867 - 1878: Nicolas Toussaint, Meechtem
- 1878 - 1879: Heinrich Ley, Ohn
- 1879 - 1884: Gustav Eichhorn, Wuermer
- Feb. 1885 - Jan. 1898: Pierre Pundel, Uewerwuermer
- Juni 1898 - Feb. 1906: Nicolas Pundel, Wuermer
- 1906: Pierre Kass, Éinen
- Okt. 1906 - Juli 1911: Dr. Leo Pundel, Wuermer
- Jan. 1912 - Dez. 1917: Johann Becker, Éinen
- Jan. 1918 - Dez. 1920: Dr. Franz Wurth, Wuermer
- 1921: Nicolas Steichen, Meechtem
- Jan. 1921 - 1933: Pierre May, Éinen
- 1934: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
- 1935 - 1941: Pierre Berna, Ohn
- 1946 - 1963: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
- 1964 - 1974: Aly Duhr, Ohn
- 1974 - 1993: Joseph Pundel, Wuermer
- 1994 - 1999: Carlo Wagner, Wuermer
- 1999: Jeannot Frantz, Wuermer
- 2000 - 2008: Ernest Demuth
- 2008 - 2017: Jean Beining
- 2017 - 2020: Max Hengel (CSV)
- zanter Nov. 2020: Mathis Ast (DP)
VerkéiersubannungÄnneren
Wichtegst Stroosseverbindung ass d'N10, déi och als Wäistrooss bekannt ass. Se leeft parallel laanscht d'Musel duerch déi ganz Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 122, 122A, 122B, 122C, 134, 142, 143, 144, 146 an 146A duerch d'Gemeng.
D'Wuermerer Bréck ass eng vun de fënnef Brécken iwwer de lëtzebuergeschen Deel vun der Musel, déi d'Gemeng mat der däitscher Uertschaft Wëncher (Wincheringen) verbënnt.
SchoulenÄnneren
D'Gemeng Wuermer bedreift zesumme mat der Gemeng Fluessweiler eng Regionalschoul mat Sportzentrum zu Dräibuer. Eng Annexe vun der Schoul ass zu Nidderdonwen.
JumelagenÄnneren
Wuermer ass jumeléiert mat der portugisescher Gemeng Mortágua.
Bekannt Awunner vun der GemengÄnneren
- Nicolas-Édouard Becker (1842-1920), Auteur
- Jos Bellion (1913-2009), Kanut an Olympionik
- Isidor Comes (1875-1960), Professer, Auteur a Linguist
- Aly Duhr (1918-1974), Wënzer a Politiker
- Nicolas Entringer (1885-1969), Komponist
- Michel Fohl (1813), Politiker
- Michel Fohl (1851), Affekot a Politiker
- Camille Frieden (1914-1998), Architekt, Moler an Auteur
- Nikolaus Hein (1889-1969), Professer an Auteur
- Jean Linden (Dechen) (1804-1872), Geeschtlechen an Auteur
- Johann Linden (1838-1901), Schoulmeeschter an Archeolog
- Jean Mich (1871-1932), Sculpteur an Zeechner
- Willy Prinz (1877-1942), Boxer
- Fernand Schons (1933-1989), Wënzer a Moler
- Alphonse Steinès (1873-1960), Sportsjournalist
- Carlo Wagner (1953-2021), Politiker
- Jean-Mathias Wellenstein (1795-1870), Riichter a Politiker
- Nicolas Wellenstein (1783-1858), Politiker
- Ernest Wurth (1901-1978), Jurist a Moler
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Wuermer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wuermer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Quell: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Wuermer.