Gemeng Käerch
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen
D'Gemeng Käerch ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Äischdall am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Käerch vun där se och hiren Numm huet.
Käerch | |
---|---|
![]() | |
![]() D'Gemengenhaus vu Käerch | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Koerich de: Koerich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Chef-lieu | Käerch |
Buergermeeschter | Daniel Wirth |
Awunner | 2.642 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.888 ha |
Héicht | 299 m |
Koordinaten |
49° 40’ 14’’ N 5° 56’ 55’’ O |
LAU-Code | LU0106 |
Websäit | http://www.koerich.lu |
D'Gemeng Käerch (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
Uertschaften an der Gemeng Änneren
Zur Gemeng Käerch gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie Änneren
D'Gemeng Käerch läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Ronderëm leien d'Gemengen Habscht am Norden, Kielen am Osten, Mamer am Süden a Stengefort am Westen.
Hydrographie Änneren
Duerch oder laanscht d'Gemeng lafe follgend Baachen a Flëss:
Geschicht Änneren
Entwécklung vun der Awunnerzuel Änneren

Quell:STATEC
Wopen Änneren
Käerch De gueules à une bande d'argent chargée de deux cotices de sable, accompagnée de deux lions d'argent; au chef d'argent fretté de sable. D.C. 14. Mee 1980 - A.M. 27. Juli 1980 - Mémorial B 1980, Säit 866 - Projet: Marcel Lenertz 1980. De Wope vun der Gemeng kënnt vun de Schëlter vun den zwou Seigneurerien, déi et zu Käerch gouf, an zwar déi vum Gréiweschlass, (de gueules au chef d'argent fretté de sable), an déi vum Fockeschlass, (de gueules à trois lionceaux d'argent, à la cotice de sable brochant,). Den Numm vum Fockeschlass koum vun der Famill Fock de Hubingen déi de Wopen de sable à la bande coticée d'argent gefouert huet. |
Politik Änneren
Buergermeeschteren Änneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Charles Thill[1]
- ...
- 1877: Henri Braun
- 1882: Dominique Cloos
- 1903: Henri Braun
- ...
- 1945: P. Flammang[2]
- ...
- 1970 Aloyse Thillges
- 1982 - 1999: Robert Goniva
- 1999: Jean Everard
- ? - ?: Albert Haas
- ...
- ? - 2011: Léon Eschette
- 2011 - 2017: Pia Flammang-Risch
- 2017 - 2023: Jean Wirion
- zanter 2023: Daniel Wirth
Kuckeswäertes Änneren
- Waasserbuerg Käerch, genannt Gréiweschlass
- Kierch Käerch
- Réimervilla vu Giewel
Interkommunal Syndikater Änneren
D'Gemeng Käerch ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Käercher Perséinlechkeeten Änneren
- Johannes Coricius (1457-1527)
Veräiner Änneren
- FC Käerch
- Käercher Schlassfrënn
- Turbojugend
- Gëtzener Fotofrënn
- Dëschtennis Käerch
Kuckt och Änneren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Käerch
- Pompelstatioun vum SES
- Réimervilla
Um Spaweck Änneren
Commons: Käerch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen Änneren
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX