Gemeng Kielen
D'Gemeng Kielen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Kielen vun där se och hiren Numm huet.
Kielen | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kehlen de: Kehlen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Chef-lieu | Kielen |
Buergermeeschter | Félix Eischen (CSV) |
Awunner | 6.859 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.817,27 ha[1] |
Héicht | 329 m |
Koordinaten |
49° 40’ 7’’ N 06° 02’ 04’’ O |
LAU-Code | LU0105 |
Websäit | https://www.kehlen.lu/ |
Zur Gemeng Kielen gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geschicht
ännerenDuerch e Gesetz vum 22. Februar 1853 goufen Deeler vun der Gemeng Kielen ofgetrennt fir déi nei Gemeng Koplescht ze schafen.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Politik
ännerenDe Gemengerot vu Kielen gëtt zanter 1987 nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2023 aus 13 (virdrun: 11) Conseilleren zesummen.
Als Resultat vun de Gemengewale vun 2011, wéi och vun 2017, baséiert de Schäfferot op enger Majoritéit vun CSV an LSAP.[3]
Zesummesetzung
ännerenD'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP | PPLU |
---|---|---|---|---|---|
1999 | 4 | 2 | - | 4 | - |
2005 | 4 | 2 | - | 5 | - |
2011 | 4 | 1 | 1 | 5 | - |
2017 | 5 | 1 | 2 | 3 | 0 |
2023 | 6 | 2 | 1 | 4 | 0 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Buergermeeschteren
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Jean-Baptiste Poeckes[4]
- 1853 -: Jean-Baptiste Poeckes[5]
- ...
- 1945: Nicolas Wirtgen[6]
- ...
- ... -1987: Henri Becker
- 1987 -...: Joseph Halsdorf
- ...
- ... - 2017: Aloyse Paulus
- zanter 2017: Félix Eischen
Jumelage
ännerenKuckeswäertes
änneren- Kielener Kierfecht op Schéimerech
- Véiergëttersteen op Schéimerech
- Musée de la poterie zu Nouspelt
- de Kanounentiermchen zu Kielen
Bekannt Leit aus der Gemeng
änneren- Nina Berton (*2001), Vëlossportlerin
- Félix Eischen (*1966), Politiker, Journalist a Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen
- Aimé Knepper (1921-2021), Sportsprofesser, Liichtathleet a Resistenzler
- Jean-Pierre Knepper (1851-1929), Architekt an Amateur-Historiker
- Joseph-Émile Muller (1911-1999), Konschtkritiker an Auteur
- Claire Parsons (*1993), Jazzmusekerin a Lidderschreiwerin
- Jeff Saibene (*1968), Foussballspiller an -trainer
- Charles Wirtgen (1904-1995), Bauer a Politiker
- Ferdinand Wirtgen (1906-1982), Jurist a President vum Staatsrot
- Nicolas Wirtgen (1866-1951), Bauer a Politiker
Interkommunal Syndikater
ännerenD'Gemeng Kielen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Literatur
änneren- Op Schéimerech vum Jemp Schuster
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kielen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ "Félix Eischen Buergermeeschter, Guy Scholtes 1. Schäffen." rtl.lu, 11.10.2017, 12:05:25.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 5 août 1853, N°510, portant nomination de deux bourgmestres. am Memorial N°61 vum 18. August 1853
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.