Kanton Capellen
ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen
De Kanton Capellen ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Südweste vum Land. Haaptuert vum Kanton ass d'Uertschaft Capellen, déi eenzeg Uertschaft am Land déi Kantonalhaaptuert ass, ouni de Sëtz vun enger Gemeng ze sinn.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Chef-lieu | Capellen |
Fläch | 199,21 km² |
Awunner | 54.352 |
De Kanton grenzt am Norden un d'Kantone Réiden a Miersch, am Osten un de Kanton Lëtzebuerg, am Süden un de Kanton Esch-Uelzecht an am Westen un déi belsch Provënz Lëtzebuerg.
Déi 9 Gemengen am Kanton sinn:
LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²)[1][2] |
---|---|---|
LU0101 | Dippech | 17,42 |
LU0102 | Garnech | 20,95 |
LU0103 | Habscht | 32,51 |
LU0104 | Käerjeng | 33,67 |
LU0105 | Kielen | 28,18 |
LU0106 | Käerch | 18,88 |
LU0107 | Koplescht | 7,90 |
LU0108 | Mamer | 27,54 |
LU0110 | Stengefort | 12,16 |
Fläch vum Kanton | 199,21 |
Demographie
ännerenLiteratur
änneren- Organisatiouns-Comité vun der Kantonalfeier op der Cap, den 11. Juni 1939, Der Kanton Capellen - Festschrift zur Zentenarfeier der Unabhängigkeit Luxemburgs 1839-1939 ; Lëtzebuerg (Dréckerei St. Paulus), 1939; 344 Säiten.
- (28 verschidden Auteuren) Kanton Capellen ; Sonnernummer vun nos cahiers, 24. Joer - 2003, Nr. 3/4; 447 Säiten (ill.), = 27 Bäiträg.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Subdivisions territoriales (Situation au 1er janvier 2018). lustat.statec.lu (01.01.2018). Gekuckt de(n) 20.11.2022.
- ↑ Population par canton et commune; Densité de la population par canton et commune. lustat.statec.lu (01.01.2023). Gekuckt de(n) 11.05.2023.