Gemeng Hiefenech
D'Gemeng Hiefenech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Hiefenech vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Hiefenech | |
---|---|
d'Märei vun Hiefenech | |
An anere Sproochen |
fr: Heffingen de: Heffingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Miersch |
Chef-lieu | Hiefenech |
Buergermeeschter | Jérôme Seiler |
Awunner | 1.549 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.334 ha |
Héicht | 352 m |
Koordinaten |
49° 46’ 00’’ N 06° 14’ 00’’ O |
LAU-Code | LU0405 |
Websäit | http://www.heffingen.lu |
Uertschaften an der Gemeng[1] änneren
Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geographie änneren
D'Gemeng Hiefenech huet eng Fläch vun 13,34 km² a läit am Kanton Miersch am Zentrum vum Land.
Geschicht änneren
1935 koum Hiefenech an d'Gespréich duerch d'Entdeckung vum Graf vum Loschbur-Mann, dem eelste Lëtzebuerger, ënner de Fielse laanscht déi kleng Baach Lëschbur. D'Graf gouf vum Charles Weber entdeckt, deen zesumme mam Nicolas Thill a Marcel Heuertz am Mëllerdall no prehistoresche Spuere gesicht huet.
Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren
Quell:STATEC
Awunner haut (2014) änneren
An der Gemeng wunnen 1.229 Persounen (Stand: 29. Juli 2014), dovu 827 Lëtzebuerger (67,3 %) an 402 Auslänner (32,7 %). D'Portugisen hu mat 12,3 % vun der Gesamtbevëlkerung déi gréisst auslännesch Communautéit gestallt.[Source?]
E bësse méi wéi d'Hallschent vun der Populatioun ass weiblech (616 Persounen, 50,1 %). Mat 934 Awunner war d'Uertschaft Hiefenech déi mat de meeschten Awunner an der Gemeng.[Source?]
Rang | Nationalitéit |
Awunner |
---|---|---|
1 | Lëtzebuerg | 827 |
2 | Portugal | 152 |
3 | Belsch | 35 |
4 | Holland | 20 |
5 | Polen | 24 |
6 | Vereenegt Kinnekräich | 19 |
7 | Frankräich | 28 |
8 | Italien | 15 |
9 | Däitschland | 19 |
Aner Nationalitéiten | 90 | |
Total | 1 229 |
Wopen änneren
Beschreiwung am Originaltext: D'argent à une fasce vivrée de sable accompagnée en chef d'un lion passant du même, en pointe d'une croix ancrée de gueules. D.C. 18. Oktober 1982 - A.M. 5. Januar 1983 - Mémorial B 1983, Säit 206 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1982 |
Politik änneren
Buergermeeschteren änneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Georges Lehnerts[2]
- ...
- ... - 2014: Guy Schiltz
- 2014 - 2017: Henri Kauffmann
- zanter 2017: Jérôme Seiler
Interkommunal Syndikater änneren
D'Gemeng Hiefenech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Hiefenech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844