Cour d'appel (Lëtzebuerg)

D'Appellsgeriicht ((fr) Cour d'appel) gehéiert zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet am Lëtzebuerger Justizsystem. Et tranchéiert an zivillen, kommerziellen, kriminellen a correctionnelle Fäll iwwer Urteeler déi an der éischter Instanz vun de Bezierksgeriichter gesprach goufen, grad ewéi iwwer Urteeler vum Aarbechtsgeriicht.

Cour d'appel
D'Cour d'appel am Gebai vum Ieweschte Geriichtshaff
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/cour-superieure-justice/cour-appel.html

D'Cour d'appel besteet aus dräizéng Kummeren, déi prinzipiell mat dräi Conseillere siegéieren; d'Geriicht kann awer decidéieren, datt eng Affär just vun engem Riichter verhandelt gëtt[1].

Dräi Conseillere vum Appellsgeriicht bilden de Conseil supérieur de la sécurité sociale dee fir Appeller géint Entscheedunge vum Schidsgeriicht vun de Sozialversécherungen zoustänneg ass.

Kompetenz

änneren

D'Cour d'appel iwwerpréift déi Fäll, déi schonn an der éischter Instanz

gesprach goufen.

D'Jugendkummer ((fr) chambre de la jeunesse) iwwerpréift d'Appeller géint Urteeler, déi an der éischter Instanz vun de Jugendgeriichter gesprach goufen. D'Chambre de l'application des peines ass zoustänneg fir Appeller géint Decisioune vum Procureur général d'État am Kader vun der Uwennung vun de Strofen.

D'Cour d'appel iwwerpréift d'Affäre rechtlech an am Fong. Et kann d'Urteeler vun den éischte Riichteren entweeder confirméieren oder annuléieren ((fr) infirmer).

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. (fr)Nouveau Code de procédure civile Art. 1007-10. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 14.12.2024.