Gemeng Sëll

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réiden

D'Gemeng Sëll ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Sëll vun där se och hiren Numm huet.

Sëll
Coat of arms saeul luxbrg.png
Sëll, Märei-101.jpg
D'Märei vu Sëll
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Saeul
de: Saeul
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Buergermeeschter Jean Konsbruck
Awunner 874
  1 Januar 2021
Fläch 1.486 ha
Héicht 294 m
Koordinaten 49° 43’ 36’’ N
      05° 59’ 08’’ O
Websäit http://www.saeul.lu/
Map Saeul.PNG
D'Gemeng Sëll (orange) am Kanton Réiden (rout)

Uertschaften an der GemengÄnneren

GeschichtÄnneren

Ënner dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. goufen den 8. August 1822 d'Gemenge Sëll a Kaalmes per Dekret fusionéiert. Sëll ass deemno déi eelst Fusiounsgemeng am Land[1].

Sëll ass déi Gemeng am Land mat deene mannsten Awunner (Stand 2018). D'Propositioun, mat den deemolegen Nopeschgemengen Tënten a Béiwen eng Fusioun zu der spéiderer Gemeng Helperknapp ze sichen, gouf 2011 an engem konsultative Referendum mat 51% vun de Stëmme verworf.[2]

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 
En Deel vun der Kierch vu Sëll
 
Sprangbuer bei der Kierch zu Sëll
 
Parkanlag op Hëlzent laanscht d'Strooss op Räichel

Interkommunal SyndikaterÄnneren

D'Gemeng Sëll ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

KuckeswäertesÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Scheitler, J. (Koordinatioun), 2009. Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch. 160 S.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Sëll – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. "Zu Gast in Luxemburg kleinster Gemeinde: Bescheiden, aber glücklich." wort.lu, 21.11.2015.
  2. "Territorialreform: Luxemburg neu denken." wort.lu, 12.05.2018.
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  4. "Assermentation d'un bourgmestre et d'un échevin." Communiqué op gouvernement.lu, 07.03.2019.