Gemeng Beetebuerg

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

D'Gemeng Beetebuerg ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Beetebuerg vun där se och hiren Numm huet.

Beetebuerg
Coat of arms bettembourg luxbrg.png
Collart Schlass--w.jpg
D'Collarts Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
An anere Sproochen fr: Bettembourg
de: Bettemburg
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Laurent Zeimet (CSV)
Awunner 11.374
  1 Januar 2021
Fläch 2.145 ha
Héicht 275 m
Koordinaten 49° 31’ 39’’ N
      06° 05’ 80’’ O
Websäit http://www.bettembourg.lu/
Map Bettembourg.PNG
D'Gemeng Beetebuerg (orange)
am Kanton Esch-Uelzecht (rout)

GeographieÄnneren

Mat Ausnam vun Obeler läit déi ganz Gemeng Beetebuerg am Uelzechtdall.

Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren

NopeschgemengenÄnneren

GeschichtÄnneren

Beetebuerg gehéiert zu de Gemengen déi am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen.

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

De Gemengerot vu Beetebuerg gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech zanter de Gemengewale vun 2017 aus 15 Conseilleren zesummen (virdrun: 13).

Zanter 2011 ass de Schäfferot eng Dräierkoalitioun aus CSV, DP an deene Gréngen.[2]

ZesummesetzungÄnneren

Joer CSV DP gréng LSAP ADR
1999 4 2 0 7 -
2005 3 1 1 8 -
2011 4 1 2 6 -
2017 5 1 2 6 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

WopenÄnneren

De Wope vun der Gemeng gouf vum Beetebuerger Gemengerot an der Sëtzung vum 11. Juli 1981 ugeholl, an duerch en arrêté ministériel vum 3. August 1981 agreéiert. D'Publikatioun am Memorial B ass op der Säit 1032 vun deem Joer ze fannen. Déi éischt Iddi fir de Wopen an där Form ze maachen, koum vum Joseph Flies, a gouf vun der Commission héraldique 1981 modifizéiert.

Beschreiwung am Originaltext:

Parti au I d'argent au lion de sable, lampassé et armé de gueules, au II de gueules au château à deux tours d'or.

De Wope baséiert op deem vun den Häre vun Zolwer (d'argent au lion de sable armé et lampassé de gueules), deenen eng Partie vum aktuellen Territoire vun der Gemeng soll gehéiert hunn. D'Schlass mat den zwéin Tierm erënnert un déi zwee al Schlässer déi et fréier zu Beetebuerg gouf.[5]

 
Beetebuerg vum Äppelbierg aus gesinn (2008)

VerkéierÄnneren

EisebunnÄnneren

D'Gare vu Beetebuerg gehéiert zur CFL-Linn 6 an CFL-Linn 60a a läit op der internationaler Streck Lëtzebuerg-Dijon.

D'Rangéiergare mat 28 Sënnergleiser gouf an den 1980er Jore gebaut a krut ee Container-Terminal dobäi. Doduerch ass Beetebuerg zu engem wichtege Glidd am internationale Wuerentransport op der Nord-Süd-Achs ginn.

Stroossen an AutobunnenÄnneren

Beetebuerg hänkt um Stroossennetz iwwer d'Dräikantonstrooss an d'N31 an och iwwer den CR132 an den CR163.

Laanscht Beetebuerg mat dräi Uschlëss ginn d'Autobunn A13, an d'Autobunn A3.

Kuckeswäertes an der GemengÄnneren

Natur an ËmweltÄnneren

JumelagenÄnneren

Interkommunal SyndikaterÄnneren

IndustriezonenÄnneren

  • Industriezon Beetebuerg-Diddeleng (Wolser)
  • Industriezon Schéleck 1
  • Industriezon Schéleck 2
  • Industriezon Krakelshaff

Radio zu BeetebuergÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "Laurent Zeimet (CSV) bleift Buergermeeschter" rtl.lu, 10.10.2017, 08:05:13.
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  4. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
  5. Armorial communal du grand-duché de Luxembourg 1989. ISBN2-87969-000-05