Gemeng Garnech
D'Gemeng Garnech (lokal och alt Gäernech oder Garnich) ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. Op den 1 Januar 2021 hat se 2.221 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Garnech vun där se och hiren Numm huet.
Garnech | |
---|---|
![]() | |
![]() Méchelskierch | |
An anere Sproochen |
fr: Garnich de: Garnich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Buergermeeschter | Georges Fohl |
Awunner | 2.221 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.095 ha |
Héicht | 339 m |
Koordinaten |
49° 37’ 00’’ N 05° 57’ 01’’ O |
Websäit | https://garnich.lu |
D'Gemeng Garnech (orange) am Kanton Capellen (rout) | |
Uertschaften an der GemengÄnneren
Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
GeographieÄnneren
D'Gemeng Garnech läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Si mécht d'Grenz mat de Gemenge Stengefort am Norden, Mamer am Osten, Dippech an Nidderkäerjeng am Süden a Kënzeg am Westen.
HydrographieÄnneren
Waasserleef um Territoire vun der Gemeng sinn: Äisch, Mamer, Eiselbaach, Wëlleschbaach, Niewefloss vun der Äisch, Wëlleschbaach, Niewefloss vun der Mamer, d'Meneschbaach an dräi Quellgrief vun der Bräderbaach.
Am Weste vun der Gemeng um Flouer vun Héiweng, op enger Héicht vun 358 Meter, verleeft d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- a Meusebaseng
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
BuergermeeschterenÄnneren
- 1803 - 1817: Charles Metzler
- 1817 - 1836: Nicolas Metzler
- 1836 - 1858: Peter Metzler[1]
- 1858 - 1861: Jean-Nicolas Arend
- 1861 - 1872: Peter Metzler
- 1873 - 1879: Johann Müller
- 1879 - 1922: Jacques Schmitz
- 1922 - 1924: Henri Franck I
- 1925 - 1941: Edmond Kerschen
- 1944 - 1945: Edmond Kerschen
- 1946 - 1963: Nic Arend[2]
- 1964 - 1981: Félix Jemming
- 1982 - 1993: Eugène Dondlinger
- 1994 - 2011: Henri Franck II
- zanter 2011: Georges Fohl
Bekannt Garnecher LeitÄnneren
- Elsy Jacobs, Vëlossportlerin (Weltmeeschter)
- Claudine Schaul, Tennisspillerin
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Garnech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
MedienÄnneren
- D'Meedche vu Garnech, e Kuerzfilm vum Gast Rollinger iwwer säi Besuch beim Arno Schmidt zu Bergfeld bei Celle.
LiteraturÄnneren
- Arno Schmidt, Abend mit Goldrand (1975): eng vun den Haaptpersounen aus dem Buch, d'Ann' Ev', ass vu Garnech.
- A. Delvaux, J. Ewen, J. Lux, J. Malget,S. Pohs: "Fanfare Garnech 1919-1994, Festlechkeeten zum 75. Jubiläum"
- Garnecher Musek, 100 Joer, 1919-2019: Garnech, Eng Gemeng, Eng Musek, Eng Geschicht, 2021, 700 S.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Garnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX