Cour de cassation (Lëtzebuerg)

Héchst Geriicht am Lëtzebuerger Justizsystem

D'Cassatiounsgeriicht ((fr) Cour de cassation) gehéiert zur Uerdentlecher Geriichtsbarkeet an ass d'Revisiounsgeriicht am Lëtzebuerger Justizsystem. Seng Aufgab ass et, fir d'Decisioune vun de Geriichter an den Appellsgeriichter z'iwwerpréiwen (ze reviséieren). Et entscheet net iwwer d'Faiten, mä just iwwer d'Recht oder d'Uwennung vum Recht.

Cour de cassation
Land Lëtzebuerg
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-judiciaires/cour-superieure-justice/cour-cassation.html

D'Cassatiounsgeriicht besteet aus engem President a fënnef permanente Conseilleren, déi och nach den Titel vun „Vizepresident vum Ieweschte Geriichtshaff“ ((fr) vice-président de la Cour supérieure de justice) hunn.

Kompetenz

änneren

D'Cour de cassation ass ë. a. zoustänneg fir:

  • d'Annulatioun oder d'Cassatioun vun Urteeler déi vun de verschiddene Kummere vun der Cour d'appel oder a leschter Instanz gesprach goufen;
  • d'Demande fir Cassatioun géint Urteeler vun der Chambre du conseil vun der Cour d'appel;
  • d'Demande fir Cassatioun an den anere Fäll, déi vum Gesetz virgesi sinn;
  • d'Revisioun vun Urteeler vum Militärgeriichtshaff;

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren