Gemeng Fréiseng
D'Gemeng Fréiseng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu, no deem se genannt ass, ass Fréiseng.
Fréiseng | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Märei vu Fréiseng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Frisange de: Frisingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Roger Beissel |
Awunner | 4.769 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 1.842,92 ha |
Héicht | 262 m |
Koordinaten |
49° 30’ 57’’ N 06° 11’ 16’’ O |
Websäit | http://www.frisange.lu/ |
D'Gemeng Fréiseng (orange) am Kanton Esch (rout) | |
Uertschaften an der Gemeng[1]Änneren |
GeographieÄnneren
D'Gemeng Fréiseng läit am Süde vu Lëtzebuerg a gehéiert zum Kanton Esch-Uelzecht. D'Nopeschgemenge vu Fréiseng si Réiser, Weiler-la-Tour an Duelem. Am Süde grenzt Fréiseng un dat franséischt Departement Moselle (Loutrengen). D'Landschaft vun der Gemeng besteet gréisstendeels aus Wisen a Felder, vereenzelt awer och Bëscher. D'Albaach eng vun de Quellbaache vun der Gander entspréngt bei Helleng, fléisst a Richtung Osten duerch Fréiseng an Uespelt.
Duerch d'Gemeng Fréiseng leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert, d'Nationalstrooss N13 an d'Autobunn A13 (Saarautobunn).
GeschichtÄnneren
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Fréiseng gëtt zanter 2011 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
ZesummesetzungÄnneren
Joer | Är Equipe | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|---|
2011 | 5 | 4 | 2 | |
2017 | 5 | 3 | 1 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ...
- 1844: Charles Dupaix[2]
- ...
- ëm 1977: Mathias Rauchs
- 1982 - 2005: Gaston Gibéryen
- ... - 2011: Claude Wiltzius
- 2011 - 2017 Marie-Louise Aulner
- zanter 2017: Roger Beissel
WopenÄnneren
Iwwer de Wope vun der Gemeng gouf am Gemengerot den 18. Mee 1981 ofgestëmmt, an e gouf den 18. August dat selwecht Joer vum Minister agreéiert. D'Publikatioun war am Mémorial B vun 1981 op der Säit 1099, an e Rectificatif stoung am Mémorial B 1982 op der Säit 368.
Beschreiwung am Originaltext:
Tiercé en pairle; à dextre d'azur à la demi-aigle d'argent, à senestre d'or à la demi-aigle de sable, au chef du même chargé de deux crosses d'abbé adossées mises en pal, mouvant de la partition, celle de dextre d'or, celle de senestre d'argent.
JumelageÄnneren
D'Gemeng Fréiseng ass zanter 2004 mat der franséischer Gemeng Saint-Julien de Coppel am Departement Puy-de-Dôme jumeléiert.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Fréiseng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844