Gemeng Beefort

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Iechternach

D'Gemeng Beefort ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Iechternach. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Beefort vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Beefort
d'Märei vu Beefort (2006)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Beaufort
de: Befort
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Iechternach
Chef-lieu Beefort
Buergermeeschter Jean-Luc Nosbusch
Awunner 3.044
  1. Januar 2024
Fläch 1.374 ha
Héicht 357 m
Koordinaten 49° 50’ 08’’ N
      06° 17’ 26’’ O
LAU-Code LU1001
Websäit http://www.beaufort.lu/

Uertschaften an der Gemeng

änneren

Geographie

änneren

D'Gemeng Beefort läit am Nordoste vum Land am Kanton Iechternach an ass ëmgi vun de Gemenge Reisduerf am Norden, Bäerdref am Osten, Waldbëlleg am Süden an Ärenzdall am Westen.

Beefort ass en Deel vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Politik

änneren

Gemengerot

änneren

Beefort war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Nodeems an der Folleg vun de Wale vun 2023 e Recours ageluecht gouf, well ee Kandidat géint d'Residenzklausel vum Walgesetz verstouss hat[1], goufen d'Wale vun der Cour administrative annuléiert an den 8. Oktober 2023 huet deemno an der Gemeng nei gestëmmt misse ginn.[2][3]. De Jean-Luc Nosbusch (Är Lett) gouf doropshi Buergermeeschter, an de Bruno Domingues Grilo an d'Lynn Mossong (béid Biergerlëscht) Schäffen.[4]

Resultater

Joer Lett* BL*
2023 7 4

*Lett = Är Lett; BL = Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff

Buergermeeschteren

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Buergermeeschteren zanter 1795[5]
vu(n) bis Buergermeeschter
1795 1814 Jean Goerges Even
1815 1819 Jean Cigrang
1820 1830 Charles Even sen.
1830 1842 Michel Eiffes
1843 1849 Conrad Cigrang
1849 1866 Charles Even jun.
1866 1886 J. P. Even
1886 1909 Henri Even
1909 1929 Joseph Linkels
1930 1938 Bernhard Bollig
1938 1944 Jean Conter
1944 1945 Eugène Bollig
1946 1947 Henri Kramp
1947 1963 Alex Dostert
1964 1987 Léon Bartimes
... ...
... 2023 Camille Hoffmann
zanter
2023
Jean-Luc Nosbusch

Geschicht

änneren

Entwécklung vun der Awunnerzuel

änneren

Quell:STATEC

  Beschreiwung am Originaltext[6]

D'or à la tour ouverte, crénelée de cinq pièces de gueules, maçonnée de sable, au chef de gueules chargé d'un lambel à cinq pendants d'argent.
D.C. 3. Juli 1986 - A.M. 10. Oktober 1986 - Mémorial B 1986, Säit 1374 - Projet: Marcel Lenertz 1986

Kuckeswäertes

änneren
 
Beefort aus der Loft

Interkommunal Syndikater

änneren

D'Gemeng Beefort ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Gemengeblietchen

änneren

Bis 2005 huet d'Gemengeblietchen De Beforter geheescht. Duerno De Beeforter.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Art. 192 – Pour être éligible, il faut: (…) 4° avoir sa résidence habituelle depuis six mois dans la commune lors du dépôt de sa candidature, c'est-à-dire y habiter d'ordinaire.
  2. (lb)Residenzklausel mëssuecht: Zu Beefort gëtt den 8. Oktober nei gewielt. www.rtl.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  3. (fr)Communiqué de presse de la Cour administrative en relation avec les élections communales à Beaufort. justice.public.lu. justice.public.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 09.07.2023.
  4. Volker Bingenheimer: "Jean-Luc Nosbusch wird Bürgermeister von Befort." wort.lu [w+] 11.10.2023.
  5. Quell: 75me anniversaire Fanfare de Beaufort [Luxembourg, 1966], S. 150
  6. (fr)Armoiries. Beaufort (30.11.2022). Gekuckt de(n) 13.05.2023.