Gemeng Colmer-Bierg

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch

D'Gemeng Colmer-Bierg ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Colmer.

Gemeng Colmer-Bierg
d'Märei vu Colmer-Bierg
An anere Sproochen fr: Colmar-Berg
de: Colmar-Berg
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Chef-lieu Colmer
Buergermeeschter Mandy Arendt (PPLU)
Awunner 2.429
  1. Januar 2024
Fläch 1.231 ha
Héicht 201 m
Koordinaten 49° 48’ 42’’ N
      06° 05’ 32’’ O
LAU-Code LU0401
Websäit https://colmar-berg.lu/

Uertschaften an der Gemeng

änneren

D'Gemeng Colmer-Bierg setzt sech aus den Uertschafte Bierg, Colmer a Welsdref zesummen.

Geschicht

änneren

Duerch Gesetz vum 25. Mäerz 1991 gouf den Numm vun der Gemeng vu Berg op Colmar-Berg geännert[1].

Häre vu Bierg

änneren

Am 16. Joerhonnert gouf et zu Bierg en etlech grouss Proprietéite mat Schlässer. De gréissten Deel dovu war an den Hänn vun der Famill Von der Horst, déi ëm 1615 der Koppel Von Heisgen-Woordt alles verkaaft huet. Deenen hiert Kandskand de Johann Gerhard von Heisgen huet nach en etlech Terrainen derbäikaaft. Him ass d'Parkierch, déi 1744 gebaut gouf, ze verdanken. Deemools huet Bierg zur Par Biissen gehéiert, bis et 1803 eng eege Par gouf.

De Johann von Heisgen a seng Fra d'Marie-Anne de Moreau haten zwee Meedercher, d'Maria Klara Gisberta (*1719) an d'Maria Gisberta Johanna (*1722).

D'Maria Klara hat sech mat engem franséische Kapitän, dem Antoine Leclerc de Vrainville aus dem Herzogtum Bar a Loutrengen bestuet. Si hat d'Herrschaft Bierg geierft, an d'Gisberta déi sech mat dem Jean-Baptiste Thierry de Saint-Baussant bestuet huet, hat Folkendeng kritt hat.

Den de Vrainville huet op groussem Fouss gelieft, a lues a lues d'Verméige verpolvert an nach e Pak Schold derbäigemaach. Besonnesch vill Schold hat hie bei der Maria Gisberta vu Blochausen, der Besëtzerin vun der Colmer Schmelz. 1764 koum sou déi ganz Proprietéit an d'Hänn vun der Famill vu Blochausen.

  Beschreiwung am Originaltext:

D'argent à l'aigle de sable accompagnée en chef, aux flancs et en pointe de cinq trèfles de sinople posés 2-2-1; au chef d'azur chargé d'une couronne grand-ducale d'or.
D.C. 15. Dezember 1988 Projet: Marcel Lenertz 1983

Armoiries adoptées par le conseil communal dans sa séance du 15 décembre 1988. Projet : M. Lenertz en 1983

Entwécklung vun der Awunnerzuel

änneren

Quell:STATEC

Politik

änneren

Buergermeeschteren

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ekonomie

änneren

En Ofleeër vum amerikanesche Pneuefabrikant Goodyear Tire & Rubber Company, d'Goodyear-Dunlop Colmar-Berg, gehéiert mat 3.570 Aarbechter zu de gréisste Patronen zu Lëtzebuerg.[4] Zanter 1957 huet d'Goodyear zu Colmer-Bierg en Technical Center, dee virun allem Pneue fir den europäesche Maart entwéckelt. Donieft ginn zu Colmer-Bierg an der Pneuefabréck och nach Camionspneuen a Sécherheetspneue produzéiert.

Infrastrukturen

änneren

Zu den Infrastrukture vu Colmer-Bierg zielen:

  • e Centre culturel
  • eng Sportshal
  • 3 Foussballsterrainen
  • 5 Tennisterrainen (5-mol French Court)
  • en ëffentleche Park
  • eng Gare (d'Gare Colmer-Bierg)
  • e Scoutschalet
  • eng Kierch
  • eng Post
  • eng Schoul
Colmer-Bierg huet ee Précoce, eng Spillschoul, eng Grondschoul an eng Maison relais. 2005 gouf de Bau vun engem neie Schoulkomplex mat 4 Klassesäll fir d'Spillschoul, 2 Klassesall fir de Précoce an engem Schoulrestaurant beschloss. Dëse Schoulkomplex, deen 6.429.475 € kascht huet, gouf fir d'Rentrée 2008/2009 fäerdeg.
  • eng Schwämm
D'Schwämm Nordpool vu Colmer-Bierg huet een Haaptbaseng vun 25x10m an een Niewebaseng vun 10x10m. D'Schwämm war tëscht August 2009 a Mëtt 2011 zou well en neie Komplex mat Wellness-Beräich bäigebaut an den alen Deel komplett renovéiert gouf. Den Devis gouf op 11.319.816 € chiffréiert, wouvun de Sportsministère 4,5 Millioune bezuele sollt, a Colmer-Bierg 850.000 €. Der Rescht vun de Käschte gouf op déi aner 7 Gemenge verdeelt, deenen hir Schoulklasse vun der Schwämm profitéieren, an zwar am Verhältnes zu de Stonnen déi se fir sech reservéiert hunn. D'Soumissioun fir d'Aarbechte gouf den 21. Juni 2010 op der Colmer Gemeng opgemaach.

Verkéier

änneren

Stroosseverkéier

änneren

Colmer-Bierg ass un de Stroosseverkéier ugeschloss iwwer d'Autobunn A7, d'Schnellstrooss B7, d'Nationalstroossen N7 an N22, an d'Chemin reprisen CR345 an CR123.

Ëffentlechen Transport

änneren

Eisebunn

änneren

Duerch d'Colmer Gare fiert d'CFL-Linn 1 Lëtzebuerg-Ëlwen.

Et gëtt nach eng Eisebunnslinn vun Ettelbréck iwwer Colmer bis op Biissen, déi fréier zu der Atertlinn gehéiert huet. Dës Linn gëtt nëmmen nach geleeëntlech fir Giddertransport benotzt.

Colmer gëtt och vun enger Rëtsch RGTR-Buslinnen ugefuer.

Duuss Mobilitéit

änneren

Ënnert der Uelzechtbréck (N7) kräize sech d'Vëlospist PC15, déi Bäreldeng mat Ettelbréck verbënnt, souwéi d'PC12, déi sech Richtung Westen (zu Näerden) mat der PC17 kräizt.

Veräiner

änneren

Colmer-Bierg huet 18 Veräiner, dorënner 6 Sportsveräiner:

  • Action catholique des femmes du Luxembourg
  • Association des parents
  • Chorale St. Cécile
  • Club des jeunes
  • Croix-Rouge
  • Football ASC
  • Frënn vum Velo Colmar-Berg
  • Goodyear Fëscherclub
  • Goodyear Photoclub Colmar-Bierg
  • Harmonie grand-ducale Orania
  • Indiaca
  • Seniorenclub 2006 asbl Colmar-Berg
  • Service d'incendie de la commune de Colmar-Berg
  • Société gymnastique Alouette
  • Supporterclub ASC
  • Syndicat d'initiative
  • Tennis Club

Partnerstad

änneren

Zanter 2004 ass Colmer-Bierg d'Partnerstad vu Weilburg an Däitschland. Colmer-Bierg ass d'Residenz vum Lëtzebuerger Herrscherhaus, dat vu Weilburg kënnt.

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Colmer-Bierg

änneren

Interkommunal Syndikater

änneren

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

änneren

Fotoalbum

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Colmer-Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Loi du 25 mars 1991 portant modification du nom de la commune de Berg en celui de Colmar-Berg. legilux.public.lu (30.04.1991). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  2. Buch "La famille PAPIER, Famille de Mme de MUNKACSY" vum Dr. Jean-Claude Loutsch
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  4. Luxembourg en chiffres 2021. STATEC. Gekuckt de(n) 21 November 2021.