Gemeng Conter
D'Gemeng Conter ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Conter vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Conter | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Märei vu Conter | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Contern de: Contern |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Marion Zovilé-Braquet (CSV) |
Awunner | 4.374 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 2.055 ha |
Héicht | 333 m |
Koordinaten |
49° 35’ 6’’ N 6° 13’ 37’’ O |
LAU-Code | LU0302 |
Websäit | http://www.contern.lu/ |
| |
GeographieÄnneren
D'Gemeng Conter läit südëstlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 255 an 340 m (NG-L).
Nopeschgemenge si Sandweiler a Schëtter am Norden, Lenneng a Waldbriedemes am Osten, Duelem a Weiler zum Tuer am Süden an Hesper am Westen.
D'Baach Sir leeft vu Südwesten no Nordosten queesch duerch d'Gemeng.
Laanscht den CR234 läit d'Industriezon « Am Weiergewan ».
Uertschaften an der GemengÄnneren
Häff a Lieu-diten an der GemengÄnneren
VerkéiersubannungÄnneren
Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'N2 an d'N28. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 132, 153, 226 an 234 duerch d'Gemeng.
D'Eisebunnsstrecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an Alzeng-Éiter duerchlafen d'Gemeng an treffen an der Uertschaft Éiter openeen.
GeschichtÄnneren
WopenÄnneren
Beschreiwung am Originaltext: D'argent à la fasce ondée de gueules chargée de trois trangles également ondées d'or, ladite fasce accompagnée en chef d'une croix ancrée de gueules, en pointe d'une coquille de sable. |
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
PolitikÄnneren
De Gemengerot vu Conter gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
No de Gemengewale vun 2011 huet de Schäfferot sech op eng Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng gestäipt. Zanter deene vun 2017 ass et eng CSV-LSAP-Koalitioun; Buergermeeschtesch ass d'Marion Zovilé-Braquet[1]
ZesummesetzungÄnneren
Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
---|---|---|---|---|
2005 | 3 | 4 | - | 4 |
2011 | 4 | 3 | 2 | 2 |
2017 | 5 | 2 | 2 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
BuergermeeschterenÄnneren
- ...
- 1844: Jean-Nicolas Fischer[2]
- ...
- 1970 - 1975: Roger Diederich
- ... -...: Jean-Pierre Schmitz
- 2011 - 2013: Jean-Marie Mangen
- 2013 - 2017: Guy Lorent
- zanter 2017: Marion Zovilé-Braquet
InfrastrukturÄnneren
SchoulenÄnneren
D'Gemeng Conter huet eng Zentralschoul mat Sportzentrum fir d'Spillschoul- a Grondschoulklassen (Schoul um Ewent) an der Uertschaft Conter um CR226 (rue de Syren).
KuckeswäertesÄnneren
- D'Conter Kierch
- D'Straussefarm "An Nommesch"
- Bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Conter ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Marion Zovilé-Braquet gëtt nei Buergermeeschtesch vu Conter." rtl.lu, 26.10.2017, 15:52:08.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844