Ärenzdallgemeng
D'Ärenzdallgemeng ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech.
Ärenzdallgemeng | |
---|---|
![]() | |
![]() D'Märei vun der Ärenzdallgemeng zu Miedernach | |
An anere Sproochen |
fr: Commune de la vallée de l'Ernz de: Ernztalgemeinde |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Dikrech |
Buergermeeschter | Bob Bintz |
Awunner | 2.770 |
1 Januar 2023 | |
Fläch | 39,73 km² |
Héicht | 253 m |
Koordinaten | 49°49'N, 6°13'O |
LAU-Code | LU0610 |
Websäit | http://www.aerenzdall.lu |
![]() | |
D'Ärenzdallgemeng ass den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Iermsdref a Miedernach entstanen. De Verwaltungssëtz (Chef-lieu) vun der Gemeng ass zu Miedernach.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]Änneren
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Iermsdref:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng Miedernach:
- Miedernach
- Marxbierg
- Ousterbur
- Pletschette
- Suewelbuer (Savelborn), ausser engem Bauerenhaff, deen zur Gemeng Waldbëlleg gehéiert
- Kitzebur
- Häff a Lieu-diten an der fréierer Gemeng Iermsdref:
GeographieÄnneren
Wéi den Numm et ausdréckt, läit d'Ärenzdallgemeng am Dall vun der Wäisser Ärenz.
Fréier Gemeng IermsdrefÄnneren
D'Landschaftsbild vun der fréierer Gemeng Iermsdref ass gréisstendeels vu landwirtschaftlechen Aktivitéiten (Wisen a Felder an enger oppener Gewan) markéiert. Ronderëm ware praktesch iwwerall Bëscher, déi awer zu 90 % um Territoire vun den Nopeschgemenge louchen. D'Wäiss Iernz, déi vu Süden no Norden derduerch leeft, huet d'Gemeng an zwou topographesch verschidde Géigende gespléckt, mat am Westen, dem méi oder manner flaache Plateau vu Steeën a Folkendeng, an am Osten, vum Uwänner vun der Iernz un, der koppeger Géigend tëscht Iermsdref an Eppelduerf. Do louch och, op enger flaacher Kopp, eng ronn 400 m nërdlech vum Gréiwenhaff, mat 420 Meter déi héchst Plaz an der Gemeng. Déi déifst Plaz war op der Hessemillen op ongeféier 210 Meter, do, wou d'Kriibsebaach an d'Wäiss Iernz leeft.
Fréier Gemeng MiedernachÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
GeschichtÄnneren
GemengefusiounÄnneren
Den 21. Mäerz 2010 hunn d'Bierger vun deenen zwou Gemenge sech an engem Referendum zu iwwer 83 % fir dës Fusioun ausgeschwat. Nom Vott vum Gemengerot de 6. Abrëll war d'Entscheedung definitiv.
D'Fusioun:
Am Juli 2022 gouf en neit Gemengenhaus, an der Fielsser Strooss zu Miedernach, a Betrib geholl[2].
NaturkatastrophÄnneren
PolitikÄnneren
BuergermeeschterenÄnneren
- 2012 - 2022[5]: André Kirschten
- 2023 - : Bob Bintz[6]
KuckeswäertesÄnneren
- den Dolebierg
- d'Juddemonument zu Miedernach[7]
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Ärenzdallgemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
- Maintien à domicile-Medernach
- Parc Naturel Mullerthal
- SIDEC
- SIDEN
- SIGI
- Syndicat d'eau Savelborn Freckeisen
- Syndicat Mullerthal
- SYVICOL
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Ärenzdall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ "Nouvelle mairie / Neues Gemeindehaus" am Gemengebuet 2023-01, S.72-73, op aerenzdall.lu.
- ↑ Land unter im Ernztal op wort.lu
- ↑ Ein für Luxemburg unvorstellbares Ausmaß op wort.lu vum 25. Juli 2016
- ↑ Bürgermeister der Ernztalgemeinde tritt zurück. Luxemburger Wort (22.12.2022). Gekuckt de(n) 22.12.2022.
- ↑ (fr)Assermentation du nouveau bourgmestre et d'un nouvel échevin de la commune de la Vallée de l'Ernz. mint.gouvernement.lu (09.02.2023). Gekuckt de(n) 09.02.2023.
- ↑ Schoentgen, Marc: Die jüdische Gemeinschaft in Medernach – Einwanderung, Integration und Verfolgung (Auszuch)