Bernard Blier

franséische Schauspiller

De Bernard Blier, gebuer den 11. Januar 1916 zu Buenos Aires (Argentinien) a gestuerwen den 29. Mäerz 1989 zu Saint-Cloud (Hauts-de-Seine) (Frankräich), war e franséische Schauspiller.

Bernard Blier
Gebuer 11. Januar 1916
Buenos Aires
Gestuerwen 29. Mäerz 1989
Saint-Cloud
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet,
Conservatoire national supérieur d'art dramatique
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Annette Blier
Kanner Bertrand Blier

De Bernard Blier war ganz bekannt, obschonn hie ganz seelen d'Haaptroll an engem Film gespillt huet.

Hie war sou gutt am Drama (Série noire) wéi an der Comédie (Le grand blond avec une chaussure noire) doheem. Hien huet mat de gréisste Regisseure wéi Marcel Carné, Henri-Georges Clouzot a Luchino Visconti geschafft. Donieft ass en awer och a Filmer opgetrueden déi sengem Talent onwierdeg ware wéi Du mou dans la gâchette a Le fou du labo 4.

De Bernard Blier huet an iwwer 170 Filmer matgespillt.

De Filmregisseur Bertrand Blier ass dem Bernard Blier säi Jong.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1937 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1980 änneren

vun 1980 bis 1988 änneren

Um Spaweck änneren