Senta Berger

éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin

D'Senta Berger, gebuer den 13. Mee 1941 zu Wien, ass eng éisträichesch Schauspillerin a Filmproduzentin.

Senta Berger
Gebuer 13. Mee 1941
Wien
Nationalitéit Éisträich, Däitschland
Aktivitéit Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Member vun Deutsche Filmakademie
Senta Berger, 1975

Mat 5 Joer huet d'Senta Berger Ballet geléiert a wollt spéider Schauspillerin ginn. Si war duerno um Max-Reinhardt-Seminar.

1958 gouf si Member vum Theater in der Josefstadt.

De Film huet si awer méi ugezunn wéi den Theater, a vun 1959 un huet si ee Film nom anere gedréint.

1962 huet se mam Filmregisseur Michael Verhoeven d'Produktiounsfirma Sentana-Filmproduktion gegrënnt an 1963 huet si sech mat him bestuet.

D'Senta Berger huet eng international Filmcarrière, si huet a Filmer zu Hollywood, an Italien, Frankräich, Däitschland an Éisträich gespillt, mat Regisseure wéi Bernhard Wicki, Sam Peckinpah, Volker Schlöndorff a Wim Wenders. Si war d'Partnerin vu Schauspiller wéi Kirk Douglas, Charlton Heston, James Coburn, Lilli Palmer a Götz George.

1989 hat si e groussen Erfolleg mat der Serie Kir Royal op der däitscher Televisioun. Duerno huet sech hir Carrière bal nëmme méi op der Tëlee ofgespillt.

Zanter 2003 ass si Presidentin vun der däitscher Filmakademie

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1957 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 2010 änneren

vun 2011 bis 2020 änneren

Televisioun änneren

vun 1963 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2010 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Senta Berger – Biller, Videoen oder Audiodateien