Jean-Claude Brialy

franséische Schauspiller


De Jean-Claude Brialy, gebuer den 30. Mäerz 1933 zu Sour El Ghozlane deemools Aumale an Algerien a gestuerwen den 30. Mee 2007 zu Monthyon, war e franséische Schauspiller, Regisseur, Dréibuchauteur, Schrëftsteller a Restaurantsproprietär. Hien huet a méi wéi honnert Filmer matgewierkt.

Jean-Claude Brialy
Gebuertsnumm Jean-Claude Marcel Brialy
Gebuer 30. Mäerz 1933
Sour El Ghozlane
Gestuerwen 30. Mee 2007
Monthyon
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Prytanée national militaire
Aktivitéit Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Televisiounsregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Regisseur

Säi Liewen änneren

Als Fils vun engem franséische Colonel ass hie vill dorëmmer geplënnert. Nodeem d'Famill Brialy sech zu Angers niddergelooss hat, ass hie mat sengem Brudder do an de Lycée gaangen.

1946 koum en an de Prytanée national militaire vu La Flèche an der Sarthe, éier d'Famill op Saint-Étienne geplënnert ass. Säi Baccalauréat huet e schliisslech am Collège Episcopal Saint-Etienne zu Stroossbuerg gemaach, wou e niewelaanscht Coursen als Acteur besicht huet.

Hie krut de Premier prix de Comédie am Conservatoire vu Stroossbuerg an en ass dunn an de Centre d'art dramatique de l'Est agetratt wou e verschidden Theaterrollen interpretéiert huet. Wärend sengem Militärdéngscht zu Baden-Baden gouf hien an de service cinématographique de l'Armée an Däitschland versat, wou hien d'Geleeënheet hat säin éischte Kuerzfilm "Chiffonard et Bon Aloi" ze dréien.

1954 koum en op Paräis wou e vun de Realisateure vun der "Nouvelle Vague" entdeckt gouf. Sou gouf hien e gudde Frënd vum François Truffaut an e war Zeien op dësem sengem Mariage (1968) mat der Claude Jade. Als grousse Schaffert huet hien e puer Filmer pro Joer gedréint an donieft och nach Theater gespillt. 1971 huet hie säin éischte Film („Églantine“) als Régisseur a gläichzäiteg fir d'Televisioun gedréint. Säi leschten Téléfilm koum 2006 eraus („Monsieur Max“).

Hie war 1977 Direkter vum Théâtre Hébertot, 1986 vum Théâtre des Bouffes-Parisiens a vun1985 bis 2001 artisteschen Direkter vum Festival d'Anjou a vum Festival de Ramatuelle.

2000 an 2004 huet hien autobiographesch Bicher geschriwwen (Le ruisseau des singes (éd. Robert Laffont), J'ai oublié de vous dire (XO Éditions)) déi allen zwee vill Succès haten. 2006, no enger Rees a säi Gebuertsland, huet hien d'Buch Mon Algérie (Timée éditions) erausginn. Hien huet och Anthologië geschriwwen: Les pensées les plus drôles des acteurs (2006, Ed. Le Cherche-Midi) an Les répliques les plus drôles du théâtre de boulevard, (kënnt 2007 eraus, Ed. Le Cherche-Midi).

De Jean-Claude Brialy, eng Paräisser Perséinlechkeet, huet och a ville Radios- an Tëleesemissioune matgeschafft. En huet reegelméisseg op RTL beim Philippe Bouvard senge "Les Grosses Têtes" matgewierkt.

Hie war Proprietär vum Restaurant L'Orangerie op der Île Saint-Louis zu Paräis, wou en och gewunnt huet.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Schauspiller änneren

vun 1956 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2007 änneren

als Regisseur änneren

TV änneren

als Regisseur änneren

Um Spaweck änneren