Viviane Romance

franséisch Schauspillerin

D'Viviane Romance, gebuer als Pauline Ronacher Ortmans de 4. Juli 1912 zu Roubaix a gestuerwen de 25. September 1991 zu Nice, war eng franséisch Dänzerin, Schauspillerin a Filmproduzentin.

Viviane Romance
Gebuertsnumm Pauline Arlette Ortmans
Gebuer 4. Juli 1912
Roubaix
Gestuerwen 25. September 1991
Nice
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Georges Flamant, Clément Duhour, Jean Josipovici

1923 ass d'Viviane Romance als Dänzerin am Moulin Rouge zu Paräis opgetrueden. Hir éischt Roll am Kino hat si am Joer 1929 am Film Paris Girls vum Henry Roussell. Bekannt Filmer mat hir sinn: La bandera (1935) vum Julien Duvivier mam Annabella, La belle équipe (1936) och vum Julien Duvivier mam Charles Vanel a Mélodie en sous-sol (1962) vum Henri Verneuil mam Jean Gabin an Alain Delon.

Viviane Romance war dräimol bestuet an zwar mam Georges Flamant (1937 bis 1942), mam Clément Duhour (1944 bis 1952) a mam Jean Josipovici (1954 bis 1956)1.

Kino änneren

vun 1929 bis 1939 änneren

vun 1940 bis 1949 änneren

vun 1950 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1974 änneren

TV änneren

Literatur änneren

  • Alain Feydeau: Viviane Romance, Coll. Maurice Bessy, Pygmalion/Gérard Watelet, Paräis, 2001.
  • Viviane Romance: Romantique à mourir, Vertiges du Nord/Carrère, Paris, 1986.

Um Spaweck änneren