Riccardo Freda

italieenesche Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller


De Riccardo Freda, gebuer de 24. Februar 1909 zu Alexandria an Egypten als Jong vun italieeneschen Elteren, a gestuerwen den 20. Dezember 1999 zu Roum, war en italieenesche Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.

Riccardo Freda
Gebuer 24. Februar 1909
Alexandria
Gestuerwen 20. Dezember 1999
Roum
Nationalitéit Italien, Egypten, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmediteur, Regisseur, Produzent, Schauspiller, Schrëftsteller, Illustrateur

Hien huet säi Studium zu Mailand gemaach. Vun 1942 un huet hie Filmer gedréint. Mam Vittorio Cottafavi zielt hien zu de Spezialiste vun den italieeneschen Historien- a Sandalefilmer. Ënner dem Numm Robert Hampton huet hien och verschidde Grujelfilmer gedréint.

Numm änneren

De Riccardo Freda ass och ënner dësen Nimm opgetrueden:

  • Robert Davidson
  • Robert Hampton
  • Dick Jordan
  • George Lincoln
  • Willy Pareta
  • Willy Pareto
  • Riccardo Santelmi

Filmer als Regisseur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Riccardo Freda – Biller, Videoen oder Audiodateien