Yves Robert

franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur

Den Yves Robert war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent a Filmregisseur. Hien ass den 19. Juni 1920 zu Saumur am Maine-et-Loire gebuer an den 10. Mee 2002 zu Paräis gestuerwen.

Yves Robert
Gebuertsnumm Yves Henri Charles Marie Robert
Gebuer 19. Juni 1920
Saumur
Gestuerwen 10. Mee 2002
6. Arrondissement
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Danièle Delorme

Den Yves Robert huet seng Carrière beim Film als Schauspiller am Joer 1948 mam Film Les Dieux du dimanche ugefaangen. Am Film Les hommes ne pensent qu'à ça aus dem Joer 1954 huet hie fir d'éischt Regie gefouert.

Säin éischte grousse Succès als Regisseur hat hie mat dem Film La guerre des boutons, duerno huet hien nach sou bekannt lëschteg Filmer wéi Le grand blond avec une chaussure noire, Un éléphant ça trompe énormément an Nous irons tous au paradis gedréint.

Hie war mat der franséischer Schauspillerin a Filmproduzentin Danièle Delorme bestuet. Mat hir zesummen hat hien d'Filmproduktiounsfirma "La Guéville" gegrënnt.

Filmer als Regisseur änneren

Filmer als Produzent (Auswiel) änneren

Filmer als Schauspiller (Auswiel) änneren

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren