Den Giancarlo Giannini, gebuer den 1. August 1942 zu La Spezia, ass en italieenesche Schauspiller a Filmregisseur.

Giancarlo Giannini
Gebuer 1. August 1942
La Spezia
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Accademia nazionale d'arte drammatica
Aktivitéit Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur

Den Giancarlo Giannini krut no villen Optrëtter am Theater, 1965 am Film I criminali della metropoli vum Gino Mangini seng éischt Roll am Kino. Bis Enn 2015 war hien an iwwer 140 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.

Wichteg Filmer a senger Carrière waren d'Filmer 1972: Mimì metallurgico ferito nell'onore (1972), Film d'amore e d'anarchia, ovvero 'stamattina alle 10 in via dei Fiori nella nota casa di tolleranza... (1973), Travolti da un insolito destino nell'azzurro mare d'agosto (1974) a Fatto di sangue fra due uomini per causa di una vedova. Si sospettano moventi politic (1978) all ënner der Regie vun der Lina Wertmüller.

Hien huet awer och mat aneren italieenesche Regisseure wéi Luchino Visconti , Mario Monicelli, Dino Risi, Alberto Lattuada an Nanni Loy zesummegeschafft.

International huet hien a bekannte Filmer wéi The Secret of Santa Vittoria (1969) vum Stanley Kramer, Lili Marleen (1981) vum Rainer Werner Fassbinder, Hannibal (2011) vum Ridley Scott an an zwéin James Bond-Filmer Casino Royale (2006) vum Martin Campbell a Quantum of Solacevum Marc Forster matgespillt.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Regisseur änneren

als Schauspiller änneren

vun 1965 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2016 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Giancarlo Giannini – Biller, Videoen oder Audiodateien