Juliette Faber

franséisch Schauspillerin

D'Juliette Faber war eng franséisch Schauspillerin mat lëtzebuergeschen Originnen. Si ass den 19. Mäerz 1919 zu Gréiwemaacher gebuer, an den 13. Juli 2008 zu Pontoise (Val d'Oise) gestuerwen.

Juliette Faber
D'Juliette Faber, ufanks der 1950er Joren. Foto mat enger Widmung fir d'Carmen Ennesch.
Gebuertsnumm Juliette Joséphine Madeleine Faber-Sangerma
Gebuer 19. Mäerz 1919
Gréiwemaacher
Gestuerwen 13. Juli 2008
Pontoise
Nationalitéit Lëtzebuerg, Frankräich
Aktivitéit Schauspiller

Hire Papp ass dräi Méint virun hirer Gebuert un der spuenescher Gripp gestuerwen. Am Joer 1923 huet hir Mamm sech fir d'zweet mat engem franséischen Offizéier bestuet. Dräi Joer laang huet si du mat hiren Elteren zu Sainte-Menehould gewunnt, fir duerno op Perpignan ze plënneren.

D'Juliette Faber huet Piano studéiert, an duerno huet si Art dramatique gemaach.

Zu Paräis gouf si fir den Theater entdeckt a si krut 1938 hir éischt Filmroll ugebueden. Nieft dem Theater huet si bis 1952 a ville Filmer matgespillt. Duerno ass hir Schauspillercarrière méi roueg verlaf.

Filmographie änneren

Kino änneren

Televisioun änneren

Theater (Auswiel) änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren