Robert Hossein

franséische Schauspiller

De Robert Hossein, gebuer als Robert Hosseinhoff den 30. Dezember 1927 zu Paräis a gestuerwen den 31. Dezember 2020 zu Essey-lès-Nancy, war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Robert Hossein
Gebuertsnumm Abraham Hosseinoff
Gebuer 30. Dezember 1927
12. Arrondissement
Gestuerwen 31. Dezember 2020
Essey-lès-Nancy
Doudesursaach COVID-19
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Schauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Marina Vlady, Caroline Eliacheff, Candice Patou
Papp André Hossein

De Robert Hossein ass de Jong vum Komponist André Hossein. Am Joer 1948 dréint de Robert Hossein säin éischte Film als Schauspiller. Richteg fänkt seng Schauspillercarrière awer eréischt am Joer 1954 un. Zwee Joer drop, 1956 dréint hie säin éischte Film als Regisseur Les salauds vont en enfer.


De Robert Hosein ass iwwerall doheem, hien trëtt als Schauspiller oder Regisseur am Theater wéi och am Film op. Am Joer 1970 iwwerhëlt hien d'Direktioun vun der Comédie de Reims zu Reims. Hie féiert och Regie a groussen Opféierungen am Palais des Sports an am Palais des Congrès zu Paräis.

De Robert Hossein war fir d'éischt mat der Schauspillerin Marina Vlady bestuet. Duerno huet e sech mat der Caroline Eliacheff bestuet. 1976 huet hie sech fir drëtt bestuet an dat mat der Schauspillerin Candice Patou

Filmer als Regisseur änneren

Filmer als Schauspiller änneren

Kino änneren

vun 1948 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1999 änneren

vun 2000 bis änneren

Televisioun änneren

  • 1973: Vogue la galère, vum Raymond Rouleau
  • 1974: Le tour d'écrou, vum Raymond Rouleau
  • 1978: Emmenez-moi au théâtre: Pas d'orchidées pour Miss Blandish, vum Claude Barma
  • 1983: Les uns et les autres, vum Claude Lelouch (TV Serie)
  • 1988: La croisade des enfants, vum Serge Moati
  • 2005: Le juge, vum Vincenzo Marano

Um Spaweck änneren