Joachim Fuchsberger

däitsche Schauspiller an Entertainer

De Joachim Fuchsberger, gebuer den 11. Mäerz 1927 zu Zuffenhausen bei Stuttgart, a gestuerwen den 11. September 2014 zu Grünwald bei München, war en däitsche Schauspiller an Entertainer.

Joachim Fuchsberger
bei der Gala vum Fernseepräis Romy (2008)
Gebuer 11. Mäerz 1927
Stuttgart
Gestuerwen 11. September 2014
Grünwald
Nationalitéit Däitschland, Australien
Aktivitéit Schauspiller, Televisiounsmoderateur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Gitta Lind, Gundula Korte
Kanner Thomas Fuchsberger

En ass duerch déi dräi 08/15 Filmer bekannt ginn. Spéider war hien aus den däitschen Edgar-Wallace-Filmer net ewech ze denken.

Op der Televisioun war hien tëscht 1990 an 1995 bei der ARD als Quizmaster an der Sendung "Ja oder Nein" aktiv, donieft huet hien tëscht 1980 an 1991 300-mol d'Talkshow Heut' abend, eng Produktioun vun der Bayerescher Tëlee geleet.

De Fuchsberger huet sech am Joer 1951 mat der Schlagersängerin Gitta Lind bestuet. No der Scheedung huet hie sech 1954 mat der Schauspillerin Gundula Korte bestuet.

Filmographie

änneren

als Schauspiller

änneren

Televisioun

änneren

Sendungen op der Televisioun

änneren
  • Nur nicht nervös werden
  • Der heiße Draht
  • Spiel mit mir
  • Auf Los geht's los
  • Heut' abend (Talkshow)

Bibliographie

änneren
  • Joachim Fuchsberger: Denn erstens kommt es anders… Geschichten aus meinem Leben. Bergisch Gladbach, 2007
  • Joachim Fuchsberger: Altwerden ist nichts für Feiglinge Gütersloher Verlagshaus 2010, ISBN 978-3-579-06760-5

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren