Catherine Deneuve
D'Catherine Deneuve (Gebuertsnumm: Catherine Fabienne Dorléac), gebuer den 22. Oktober 1943 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.
Catherine Deneuve | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Catherine Fabienne Dorléac |
Pseudonym | Catherine Deneuve |
Gebuer |
22. Oktober 1943 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmproduzent, Filmschauspiller, Mannequin, Sänger, Designer |
Famill | |
Bestuet mat | David Bailey |
Liewenspartner(in) | Roger Vadim, Marcello Mastroianni |
Papp | Maurice Dorléac |
Mamm | Renée Simonot |
Geschwëster | Françoise Dorléac |
Kanner | Christian Vadim, Chiara Mastroianni |
D'Catherine Deneuve privatÄnneren
Si ass 1943 an enger Famill vu Schauspiller gebuer. Hire Papp war de Maurice Dorléac an hir Mamm d'Renée Deneuve. Hir Schwëster huet den Numm vum Papp a si den Numm vun der Mamm iwwerholl. Hir Sëschter, d'Françoise Dorléac (1942 - 1967), war och eng bekannt Schauspillerin, déi awer jonk bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum.
Aus hirer Liaisoun mam Filmregisseur Roger Vadim huet d'Catherine Deneuve e Kand, de Schauspiller Christian Vadim (* 18. Juni 1963.
Am Joer 1965 huet si sech mam Fotograf David Baley (* 2. Januar1938) bestuet. Am Joer 1972 ass si vum David Bailey gescheet ginn.
D'Schauspillerin Chiara Mastroianni (* 28. Mee 1972) ass hir Duechter, déi si zesumme mam Marcello Mastroianni krut.
D'Catherine Deneuve an de FilmÄnneren
Ganz jonk, am Joer 1957 huet si si hiren éischte Film Les Collégiennes vum André Hunnebelle gefdréint. Am Joer 1964 hat si hiren éischte groussen Erfolleg mat Les parapluies de Cherbourg vum Jacques Demy.
De Roman Polanski huet hir am Film Repulsion d'Roll vun enger jonker, frigider a schizophrener Mäerderin ginn, eng Roll déi just de Géigendeel vun hire Rolle vu virdru war, wou si gewéinlech dat schéint a braavt Meedche gespillt huet.
Mat Regisseure wéi Jean-Paul Rappeneau (La vie de Château), Michel Deville (Benjamin), Jacques Demy (Peau d'âne) a François Truffaut (La sirène du Mississippi) huet si sech no an no zu enger vun deene bekanntsten a beléiftste franséische Schauspillerinnen entwéckelt.
Mat hirer Schwëster Françoise Dorléac huet si d'Haaptroll am Museksfilm Les demoiselles de Rochefort vum Jacques Demy iwwerholl, zesumme mam Gene Kelly an George Chakiris. Zwou ganz verschidde Rolle krut si vum Luis Bunuel an de Filmer Belle de Jour an Tristana.
Fir hir Roll am Film Le dernier métro vum François Truffaut krut si den César 1981 als bescht Schauspillerin. Duerno koumen nach grouss Rolle mat de Regisseuren André Téchiné (Hôtel des Amériques), Alain Corneau (Le choix des armes), Régis Wargnier (Indochine) a Lars von Trier (Dancer in the Dark).
GielercherÄnneren
Filmer (Auswiel)Änneren
vun 1956 bis 1959Änneren
- 1956: Les collégiennes vum André Hunebelle
- 1959: Les petits chats vum Jacques R. Villa
vun 1960 bis 1969Änneren
- 1960: Les portes claquent vum Jacques Poitrenaud
- 1960: L'homme à femmes vum Jacques-Gérard Cornu
- 1962: Les Parisiennes vum Marc Allégret
- 1962: Et satan conduit le bal vum Grisha M. Dabat
- 1962: Le vice et la vertu vum Roger Vadim
- 1963: Vacances portugaises vum Pierre Kast
- 1963: Les plus belles escroqueries du monde vum Claude Chabrol
- 1963: Les parapluies de Cherbourg vum Jacques Demy
- 1964: La chasse à l'homme vum Edouard Molinaro
- 1964: Un monsieur de compagnie vum Philippe de Broca
- 1964: Avec amour et avec rage vum Pasquale Festa Campanile
- 1965: Le chant du monde vum Marcel Camus
- 1965: Répulsion vum Roman Polanski
- 1965: Das Liebeskarussel vum Rolf Thiele
- 1966: La vie de château vum Jean-Paul Rappeneau
- 1966: Les créatures vum Agnès Varda
- 1967: Belle de jour vum Luis Buñuel
- 1967: Les demoiselles de Rochefort vum Jacques Demy
- 1967: Benjamin ou Les mémoires d'un puceau vum Michel Deville
- 1967: Manon 70 vum Jean Aurel
- 1968: La chamade vum Alain Cavalier
- 1968: Mayerling vum Terence Young
- 1969: La sirène du Mississippi vum François Truffaut
- 1969: The April Fools vum Stuart Rosenberg
vun 1970 bis 1979Änneren
- 1970: Tristana vum Luis Buñuel
- 1970: Peau d'âne vum Jacques Demy
- 1971: Ça n'arrive qu'aux autres vum Nadine Trintignant
- 1971: Liza vum Marco Ferreri
- 1972: Un flic vum Jean-Pierre Melville
- 1972: L'événement le plus important depuis.. vum Jacques Demy
- 1973: Touche pas à la femme blanche vum Marco Ferreri
- 1974: Fatti di gente per bene(La grande bourgeoise) vum Mauro Bolognini
- 1974: ZIG-ZIG vum Laszlo Szabo
- 1974: La femme aux bottes rouges vum Jean-Luis Bunuel
- 1974: L'agression vum Gérard Pirès
- 1975: Hustle vum Robert Aldrich
- 1975: Le sauvage vum Jean-Paul Rappeneau
- 1976: Si c'était à refaire vum Claude Lelouch
- 1976: Anima persa vum Dino Risi
- 1977: March or Die vum Dick Richards
- 1978: L'argent des autres vum Christian de Chalonge
- 1978: Écoute voir... vum Hugo Santiago
- 1978: Ils sont grands ces petits vum Joël Santoni
- 1979: À nous deux vum Claude Lelouch
- 1979: Courage fuyons vum Yves Robert
vun 1980 bis 1989Änneren
- 1980: Le dernier métro vum François Truffaut
- 1980: Je vous aime vum Claude Berri
- 1981: Le choix des armes vum Alain Corneau
- 1981: Hôtel des Amériques vum André Téchiné
- 1982: Le choc vum Robin Davis
- 1983: L'Africain vum Philippe de Broca
- 1983: The Hunger vum Tony Scott
- 1983: Le bon plaisir vum Francis Girod
- 1984: Fort Saganne vum Alain Corneau
- 1984: Paroles et musique vum Elie Chouraqui
- 1986: Speriamo che sia femmina, vum Mario Monicelli
- 1986: Le lieu du crime vum André Téchiné
- 1987: Agent trouble vum Jean-Pierre Mocky
vun 1990 bis 1999Änneren
- 1991: La reine blanche vum Jean-Loup Hubert
- 1992: Indochine vum Régis Wargnier
- 1993: Ma saison préférée vum André Téchiné
- 1994: Les cent et une nuits de Simon Cinéma vum Agnès Varda
- 1995: O convento (Le couvent) vum Manoel de Oliveira
- 1996: Généalogies d'un crime vum Raoul Ruiz
- 1996: Les voleurs vum André Téchiné
- 1998: Place Vendôme vum Nicole Garcia
- 1999: Pola X vum Leos Carax
- 1999: Belle maman vum Gabriel Aghion
- 1999: Le vent de la nuit vum Philippe Garrel
- 1999: Est-ouest, vum Régis Wargnier
vun 2000 bis 2009Änneren
- 2000: Dancer in the Dark, vum Lars von Trier
- 2001: 8 femmes, vum François Ozon
- 2001: The Musketeer, vum Peter Hyams
- 2002: Au plus près du paradis, vum Tonie Marshall
- 2004: Les temps qui changent, vum André Téchiné
- 2004: Rois et reine, vum Arnaud Desplechin
- 2005: Palais Royal!, vum Valérie Lemercier
- 2006: Le concile de Pierre, vum Guillaume Nicloux
- 2006: Le héros de la famille, vum Thierry Klifa
- 2007: Après lui, vum Gaël Morel
- 2008: Un conte de Noël, vum Arnaud Desplechin
- 2008: Mes stars et moi, vum Lætitia Colombani
- 2008: Je veux voir, vum Khalil Joreige a Joana Hadjithomas
- 2009: Cyprien, vum David Charhon
- 2009: La Fille du RER, vum André Téchiné
- 2009: Mères et filles, vum Julie Lopes-Curval
- 2009: Bancs publics (Versailles Rive-Droite) vum Bruno Podalydès
- 2009 Mères et filles vum Julie Lopes-Curval
vun 2010 bisÄnneren
- 2010: L'Homme qui voulait vivre sa vie vum Éric Lartigau
- 2010: Potiche vum François Ozon
- 2011: Les yeux de sa mère vum Thierry Klifa
- 2011: Les bien-aimés vum Christophe Honoré
- 2012: Astérix et Obélix: Au service de sa Majesté vum Laurent Tirard
- 2012: Les lignes de Wellington vum Raoul Ruiz a Valeria Sarmiento
- 2015: Le Tout Nouveau Testament vum Jaco Van Dormael
Um SpaweckÄnneren
Commons: Catherine Deneuve – Biller, Videoen oder Audiodateien |