Philippe Leroy (Schauspiller)

franséische Schauspiller

De Philippe Leroy, gebuer als Philippe Leroy-Beaulieu, de 15. Oktober 1930 zu Paräis, ass e franséische Schauspiller.

Philippe Leroy
Gebuertsnumm Philippe Marie Paul Leroy-Beaulieu
Gebuer 15. Oktober 1930
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Offizéier, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Silvia Tortora
Geschwëster Pierre Leroy-Beaulieu
Kanner Philippine Leroy-Beaulieu

Duerch de Film Le trou (1960) vum Jacques Becker ass de Philippe Leroy bekannt ginn. Hien huet an iwwer 180 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. De gréissten Deel vu senger Carrière war hien an Italien aktiv wou hie gewéinlech als Philippe Leroy opgetrueden ass. An Italien huet e mat wichtege Filmregisseure wéi Carlo Lizzani, Riccardo Freda, Liliana Cavani, Mauro Bolognini, Sergio Sollima, Dario Argento a Luigi Comencini zesummegeschafft. A senge franséische Filmer mat Regisseure wéi Jean-Luc Godard, Jean-Luc Godard, Yves Robert a Claude Lelouch ass hie gewéinlech mat sengem vollen Numm Philippe Leroy-Beaulieu ze fannen.

Hien ass de Papp vun der Schauspillerin Philippine Leroy-Beaulieu.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2019 änneren

Um Spaweck änneren