Alida Valli

italieenesch Schauspillerin


D'Alida Valli, gebuer den 31. Mee 1921 zu Pola an Istrien, a gestuerwen den 22. Abrëll 2006 zu Roum, mam richtegen Numm Baroness Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein und Frauenberg, war eng italieenesch Schauspillerin.

Alida Valli
Valli-American-1947.jpg
Portrait vun 1947
Gebuertsnumm Baroneasa Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein-Frauenberg, Baroness Alida Maria Laura Altenburger von Marckenstein-Frauenberg
Gebuer 31. Mee 1921
Pula
Gestuerwen 22. Abrëll 2006
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Centro Sperimentale di Cinematografia
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Giancarlo Zagni, Oscar De Mejo
Kanner Carlo De Mejo
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hir éischt Rollen hat d'Alida scho mat 15 Joer a klenge Rolle beim italieenesche Film. An de Joren drop gouf se déi beléiftst a gefrootsten italieenesch Schauspillerin, si hat souguer de Spëtznumm "La Fidanzata d'Italia" (D'Fiancée vun Italien). D'Lidd "Ma l'amore no", dat s'am Film "Stasera niente di nuovo" (1942) gesongen huet, war jorelaang en Hit. 1943 huet s'an der däitsch-italieenescher Coproduktion "I pagliacci" (Bajazzo) no der Oper von Leoncavallo matgespillt. Well se sech weder vun Nazidäitschland, nach vum faschisteschen Italie fir Propagandazwecker aspane loosse wollt, huet se bis d'Enn vum Krich keng Filmrolle méi ugeholl.

Nom Krich huet se duerch e Kontrakt mam Produzent David O. Selznick probéiert, nees an d'Filmgeschäft ze kommen. Mä eréischt eng Roll am Alfred Hitchcock sengem The Paradine Case (1947) an d'Haaptroll - nieft dem Orson Welles an dem Joseph Cotten - an der Graham-Greene-Verfilmung "The Third Man" (1949, Regie: Carol Reed) huet hir international zum Duerchbroch verhollef. Duerno hat se zu Hollywood awer just nach méi kleng Rollen. 1951 ass se nees an Italien hannescht gaangen, wou s'ënner dem Luchino Visconti an dem Bernardo Bertolucci (Novecento) Filmer mat Succès gedréint huet.

Hir lescht Filmroll hat d'Alida Valli an "Semana Santa" (2002). Am Ganzen huet s'a méi wéi 130 Kinofilmer an Tëleesproduktioune matgeschafft. Do donieft hat si och am Theater gespillt, z. B. d'Gräfin Geschwitz am Frank Wedekind sengem Lulu an der Inszenierung vum Patrice Chéreau, oder a Stécker vum Gabriele D'Annunzio oder Henrik Ibsen.

FilmographieÄnneren

KinoÄnneren

vun 1934 bis 1939Änneren

vun 1940 bis 1949Änneren

vun 1950 bis 1959Änneren

vun 1960 bis 1969Änneren

vun 1970 bis 1979Änneren

vun 1980 bis 1989Änneren

vun 1990 bis 2002Änneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Alida Valli – Biller, Videoen oder Audiodateien