Jean Yanne

franséische Journalist, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur

De Jean Yanne, gebuer als Jean Roger Gouyé den 18. Juli 1933 zu Les Lilas a gestuerwen den 23. Mee 2003 zu Morsains, war e franséische Journalist, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.

Jean Yanne
Gebuertsnumm Jean Roger Gouyé
Gebuer 18. Juli 1933
Les Lilas
Gestuerwen 23. Mee 2003
Morsains
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Centre de formation des journalistes,
Lycée Chaptal
Aktivitéit Schauspiller, Regisseur, Komponist, Dréibuchauteur, Komiker, Sänger, Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Lidderschreiwer, Organist, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Mimi Coutelier
Liewenspartner(in) Christianne Fugger von Babenhausen, Mimi Coutelier, Nicole Calfan, Sophie Garel

De Jean Yanne huet säi Beruffsliewen als Journalist ugefaangen. Duerno ass hie mat Sketcher am Cabaret opgetrueden an huet Theater gespillt. Hien hat 1964 mam Film La vie l'envers vum Alain Jessua säin Duerchbroch beim Film.

Seng wichtegst Rollen als Schauspiller hat hien an de Filmer Que la bête meure (1969) an a Le boucher, allen zwéi vum Claude Chabrol. Hien huet awer och an anere bedeitende Filmer wéi Week-end (1967) vum Jean-Luc Godard, Nous ne vieillirons pas ensemble (1972) vum Maurice Pialat, Le paltoquet (1986) vum Michel Deville a Le hussard sur le toit (1995) vum Jean-Paul Rappeneau matgespillt.

Hien huet och siwe Kinosfilmer als Regisseur gedréint.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Schauspiller änneren

vun 1952 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2003 änneren

als Regisseur änneren

  • 1972: Tout le monde il est beau, tout le monde il est gentil
  • 1972: Moi y’en a vouloir des sous
  • 1974: Les Chinois à Paris
  • 1975: Chobizenesse
  • 1979: Je te tiens, tu me tiens par la barbichette
  • 1982: Deux heures moins le quart avant Jésus-Christ
  • 1985: Liberté, égalité, choucroute

Um Spaweck änneren