Marina Vlady

franséisch Schauspillerin

D'Marina Vlady, gebuer den 10. Mee 1938 zu Clichy als Catherine Marina de Poliakoff-Baïdaroff (Марина Полякова-Байдарова), ass eng franséisch Filmschauspillerin.

Marina Vlady
Gebuertsnumm Catherine Marina de Poliakoff-Baïdaroff, Екатерина Марина Владимировна Полякова-Байдарова
Gebuer 10. Mee 1938
Clichy
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Sculpteur
Famill
Bestuet mat Wladimir Semjonowitsch Wyssozki, Robert Hossein
Geschwëster Hélène Vallier, Olga Varen, Odile Versois
D'Vlady bei enger Buchpresentatioun 2009

Hir Eltere waren den Operesänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Marina Vlady hat nach dräi Schwësteren, déi och alleguer Schauspillerinne waren: d'Odile Versois, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.

Schonn als Kand ass d'Marina am Ballet vun der Paräisser Oper opgetratt. An den 1950er Jore war si an italieeneschen, franséischen an däitsche Filmer als séduisanten Teenager ze gesinn. Mam Film La Sorcière vun 1956 huet si hire groussen Duerchbroch gefeiert. Am Ganzen huet si iwwer siechzeg Filmer gedréint an en ettlech Präisser fir hir Film- a Fernseesrolle gewonnen: De Prix Suzanne Bianchetti (1954), d'Meilleure interprétation féminine (Belsch 1960) fir La Princesse de Clèves an de Prix de l'interprétation féminine um Canner Filmfestival (1963) fir Le Lit conjugal. Schliisslech krut si och nach d'Croix d'Officier des Arts et des Lettres.

Si war bestuet mam Schauspiller a Regisseur Robert Hossein vun 1955 bis 1959, mam Geschäftsmann Jean-Claude Brouillet vun 1963 bis 1966, mam populäre sowjetesche Schauspiller a Sänger Wladimir Wyssozki vun 1969 bis zu sengem Doud 1980 a mam Kriibsfuerscher Dr. Léon Schwartzenberg vun 1980 bis zu sengem Doud 2003.

Mam Robert Hossein huet si zwee Kanner (Igor a Pierre) a mam Jean-Claude Brouillet ee Bouf (Vladimir).

Filmographie änneren

Kino änneren

Hir Bicher änneren

  • Babouchka (mam Hélène Vallier, Odile Versois an Olga Baïdar-Poliakoff), Éditions Fayard, 1979/1996.
  • Vladimir ou le vol arrêté, Éditions Fayard, 1987 - autobiographesche Roman.
  • Récits pour Militza, Éditions Fayard, 1989.
  • Le Collectionneur de Venise, Éditions Fayard, 1990.
  • Le Voyage de Sergueï Ivanovitch, Éditions Fayard, 1993.
  • Du Coeur au ventre, Éditions Fayard, 1996.
  • Ma Cerisaie, Éditions Fayard, 2001.
  • 24 images/seconde, Éditions Fayard, 2005 - hir Memoiren.

Um Spaweck änneren

Commons: Marina Vlady – Biller, Videoen oder Audiodateien