Liselotte Pulver
Schwäizer Schauspillerin
D'Liselotte (heiansdo Lilo ofgekierzt) Pulver, gebuer den 11. Oktober 1929 zu Bern, ass eng Schwäizer Schauspillerin.
Liselotte Pulver | |
---|---|
Gebuer |
11. Oktober 1929 Bern |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun | Universitéit Bern |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Synchronspriecher |
Famill | |
Bestuet mat | Helmut Schmid |
Geschwëster | Corinne Pulver |
Si war an den 1950er an 1960er Joren ee vun de Stare vum däitschen Nokrichs-Kino, bekannt absënns duerch d'Wirtshaus im Spessart-Serie.
Hiren Duerchbroch hat si als "Vreneli", der Fra vum Uli, der Knecht, an enger Verfilmung vum Jeremias Gotthelf sengem Stéck. International war hir wuel bekanntst Roll déi vum James Cagney senger Sekretärin am Billy Wilder sengem One, Two, Three (1961).
Fir hir Roll als eng Russin an A Global Affair gouf si fir e Golden Globe an der beschter Nieweroll nominéiert.
Si war vun 1961 bis zu deem sengem Doud mat dem Schauspiller Helmut Schmid bestuet.
Filmographie (Auswiel)
ännerenKino
änneren- Swiss Tour (1949)
- Föhn (1950)
- Heidelberger Romanze vum Paul Verhoeven, 1951, mam O. W. Fischer
- Klettermaxe vum Kurt Hoffmann, 1952, mam Albert Lieven
- Hanussen (1955) vum O. W. Fischer mam O. W. Fischer
- Ich denke oft an Piroschka vum Kurt Hoffmann, 1955, mam Gustav Knuth an dem Gunnar Möller
- Heute heiratet mein Mann vum Kurt Hoffmann, 1956, mam Johannes Heesters an dem Paul Hubschmid
- Les aventures d'Arsène Lupin vum Jacques Becker, 1957, mam O. E. Hasse
- Bekenntnisse des Hochstaplers Felix Krull vum Kurt Hoffmann, 1957, mam Horst Buchholz
- Die Zürcher Verlobungt vum Helmut Käutner, 1957, mam Paul Hubschmid a Bernhard Wicki
- A Time to Love and a Time to Die vum Douglas Sirk, 1957, mam John Gavin a mam Erich Maria Remarque
- Das Wirtshaus im Spessart vum Kurt Hoffmann, 1958, mam Carlos Thompson, Hubert von Meyerinck a Wolfgang Neuss
- Helden vum Franz Peter Wirth, 1958, mam O. W. Fischer)
- Le joueur, 1958, vum Claude Autant-Lara mam Gérard Philipe a Bernard Blier
- Buddenbrooks - 1. Teil, 1959, vum Alfred Weidenmann mam Hansjörg Felmy an Hanns Lothar
- Buddenbrooks - 2. Teil, 1959, vum Alfred Weidenmann mam Hansjörg Felmy an der Nadja Tiller
- Gustav Adolfs Page vum Rolf Hansen, 1960
- Das Glas Wasser vum Helmut Käutner, 1960, mam Gustaf Gründgens
- Das Spukschloß im Spessart vum Kurt Hoffmann, 1960, mam Georg Thomalla
- One, Two, Three vum Billy Wilder, 1961, mam James Cagney, Hanns Lothar, Horst Buchholz, Hubert von Meyerinck a Leon Askin
- Maléfices vum Henri Decoin, 1962, mat der Juliette Gréco
- Kohlhiesels Töchter vum Axel von Ambesser, 1962, mam Dietmar Schönherr)
- Frühstück im Doppelbett (1963)
- A Global Affair vum Jack Arnold, 1964) mam Bob Hope
- Monsieur, 1964, mam Jean Gabin
- Le gentleman de Cocody, 1965, am Jean Marais
- Dr. med. Hiob Prätorius, vum Kurt Hoffmann, 1965, mam Heinz Rühmann
- La religieuse vum Jacques Rivette, 1966, mat der Anna Karina
- Le jardinier d'Argenteuil (1966) vum Jean-Paul Le Chanois mam Jean Gabin a Curd Jürgens
- Hokuspokus oder: Wie lasse ich meinen Mann verschwinden...? vum Kurt Hoffmann, 1966, mam Heinz Rühmann)
- Herrliche Zeiten im Spessart, vum Kurt Hoffmann, 1967, mam Harald Leipnitz, Vivi Bach an Hannelore Elsner
- Das Superweib, 1996, mat der Veronica Ferres
- René Deltgen - Der sanfte Rebell, vum Michael Wenk, 2004, (Documentaire)
Um Spaweck
ännerenCommons: Liselotte Pulver – Biller, Videoen oder Audiodateien |