Gérard Blain
De Gérard Blain, gebuer den 23. Oktober 1930 zu Paräis, an do gestuerwen de 17. Dezember 2000, war e franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Gérard Blain | |
---|---|
De Gérard Blain am Film "I Delfini" (1960) | |
Gebuertsnumm | Gérard Ernest Zéphirin Blain |
Gebuer |
23. Oktober 1930 Paräis |
Gestuerwen |
17. Dezember 2000 Paräis |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Simon |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Bernadette Lafont, Estella Blain |
Kanner | Paul Blain |
Biographie
ännerenDe Gérard Blain huet mat 13 Joer d'Schoul verlooss an huet op der Strooss gelieft.
A senger Autobiographie Un enfant dans la foule schreift hien iwwer sech: Depuis mon enfance, je me considère avec la société en état de légitime défense.
Bei de Film kënnt hien duerch Statisterollen. Am Alter vu 26 Joer kritt hie vum Julien Duvivier eng grouss Roll am Film Voici le temps des assassins. A Filmer vum Claude Chabrol wéi Les cousins a Le beau Serge kritt hien Haaptrollen ze spillen. Hollywood bitt him eng Roll am Film Hatari vum Howard Hawks mam John Wayne an Hardy Krüger.
Vun 1970 un huet hien et och als Filmregisseur versicht mat Filmer wéi Les amis a Le pélican.
De Gérard Blain huet als Schauspiller a méi wéi 60 Filmer matgespillt.
Filmer
ännerenSchauspiller (Auswiel)
änneren- 2000: Bandits d'amour, vum Pierre Le Bret mat der Florence Loiret
- 1995: Jusqu'au bout de la nuit, vum Gérard Blain mat der Anicée Alvina a mam Gamil Ratib
- 1992: Chasse gardée, vum Jean-Claude Biette mat der Tonie Marshall an dem Rüdiger Vogler
- 1989: Jour après jour, vum Alain Attal mat der Jeanne Moreau
- 1987: Natalia, vum Bernard Colin mam Pierre Arditi
- 1986: Poussière d'ange, vum Edouard Niermans mam Bernard Giraudeau a Michel Aumont
- 1981: Un dimanche de flic, vum Michel Vianey mam Victor Lanoux a Jean Rochefort
- 1980: La flambeuse, vum Rachel Weinberg mam Laurent Terzieff an der Lea Massari
- 1977: Der amerikanische Freund, vum Wim Wenders mam Dennis Hopper a Bruno Ganz
- 1977: Joë Caligula - Du suif chez les dabes, vum José Bénazéraf mat der Jeanne Valérie a mam Michel Lemoine
- 1973: Le pélican, vum Gérard Blain mam Daniel Sarky
- 1967: La musica, vum Marguerite Duras a Paul Seban mam Delphine Seyrig a Robert Hossein
- 1966: Un homme de trop, vum Costa-Gavras mam Charles Vanel a Bruno Cremer
- 1964: Les vierges, vum Jean-Pierre Mocky mam Charles Aznavour a Jean Poiret
- 1964: La bonne soupe, vum Robert Thomas
- 1962: Hatari!, vum Howard Hawks mam J Wayne an Hardy Krüger
- 1960: Il gobbo (Le bossu de Rome), vum Carlo Lizzani mat der Anna-Maria Ferrero an dem Bernard Blier
- 1960: I Delfini (Les Dauphins), vum Francesco Maselli mat der Claudia Cardinale
- 1959: Les cousins, vum Claude Chabrol mam Jean-Claude Brialy an der Juliette Mayniel
- 1958: Le beau Serge, vum Claude Chabrol mam Jean-Claude Brialy an der Bernadette Lafont
- 1957: Les mistons, vum François Truffaut (Kuerzfilm) mat der Bernadette Lafont
- 1956: Voici le temps des assassins..., vum Julien Duvivier mam Jean Gabin an der Danièle Delorme
- 1956: Crime et châtiment, vum Georges Lampin mam Jean Gabin a Marina Vlady
- 1954: Avant le déluge, vum André Cayatte mam Beranrd Blier a Marina Vlady
- 1943: Le Carrefour des enfants perdus, vum Léo Joannon net genannt
Regisseur
änneren- 2000: Ainsi soit-il
- 1995: Jusqu'au bout de la nuit
- 1986: Pierre et Djemila
- 1980: Le rebelle
- 1978: Un second souffle mam Robert Stack
- 1976: Un enfant dans la foule
- 1973: Le pélican
- 1970: Les amis
Dréibuchauteur
änneren- 2000: Ainsi soit-il
- 1995: Jusqu'au bout de la nuit
- 1986: Pierre et Djemila
- 1980: Le rebelle
- 1978: Un second souffle
- 1976: Un enfant dans la foule
- 1973: Le pélican
- 1970: Les amis