Odile Versois
franséisch Schauspillerin
D'Odile Versois ass eng franséisch Filmschauspillerin. Si ass als Étiennette de Poliakoff-Baïdaroff de 4. Juni 1930 zu Paräis gebuer an den 23. Juni 1980 zu Paräis gestuerwen.
Odile Versois | |
---|---|
am Film "Anselmo ha fretta" (1949) | |
Gebuertsnumm | Étiennette de Poliakoff |
Gebuer |
15. Juni 1930 15. Arrondissement |
Gestuerwen |
23. Juni 1980 Neuilly-sur-Seine |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Komiker, Filmschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Jacques Dacqmine |
Geschwëster | Olga Varen, Hélène Vallier, Marina Vlady |
Hir Eltere waren den Operesänger Wladimir de Poliakoff an d'Dänzerin Militza Enwald, déi no der Oktoberrevolutioun 1917 vu Russland a Frankräich emigréiert sinn. D'Odile Versois hat nach dräi Schwësteren, déi och alleguer Schauspillerinne waren: d'Marina Vlady, d'Hélène Vallier an d'Olga Baïdar-Poliakoff.
No hirer Scheedung vum Schauspiller Jacques Dacqmine huet si sech 1953 mam Grof François Pozzi di Borgo bestuet.
Am Alter vu 50 Joer ass si u Kriibs gestuerwen an um russesche Kierfecht zu Sainte-Geneviève-des-Bois begruewe ginn..
Filmographie
änneren- 1948: Les dernières vacances vum Roger Leenhardt
- 1949: Orage d'été vum Jean Gehret
- 1949: Fantômas contre Fantômas vum Robert Vernay
- 1949: Paolo e Francesca vum Raffaello Matarazzo
- 1949: La sposa non può attendere vum Gianni Franciolini
- 1950: Les anciens de Saint-Loup vum Georges Lampin
- 1951: Bel amour vum François Campaux
- 1952: Domenica vum Maurice Cloche
- 1953: Grand gala vum François Campaux
- 1953: A Day to Remember vum Ralph Thomas
- 1953: Mina de Vanghel vum Maurice Clavel
- 1954: The Young Lovers vum Anthony Asquith
- 1955: Sophie et le crime vum Pierre Gaspard-Huit
- 1955: To Paris with Love vum Robert Hamer
- 1956: Les Insoumises vum René Gaveau
- 1956: Checkpoint vum Ralph Thomas
- 1957: Herrscher ohne Krone vum Harald Braun
- 1958: Passport to Shame vum Alvin Rakoff
- 1959: Toi, le venin vum Robert Hossein
- 1960: Le trésor des hommes bleus vum Edmond Agabra
- 1961: Le rendez-vous vum Jean Delannoy
- 1962: Cartouche vum Philippe de Broca
- 1962: Transit à Saïgon vum Jean Leduc
- 1963: À cause, à cause d'une femme vum Michel Deville
- 1968: Benjamin ou Les mémoires d'un puceau vum Michel Deville:
- 1971: Églantine vum Jean-Claude Brialy
- 1975: Stationschef Fallmerayer vum Walter Davy
- 1977: Le crabe-tambour vum Pierre Schoendoerffer