Gérard Depardieu

franséische an russesche Schauspiller

De Gérard Xavier Marcel Depardieu, gebuer de 27. Dezember 1948 zu Châteauroux am Departement Indre, ass e franséische Schauspiller deen zanter 2013 och d'russesch Staatsbiergerschaft huet. A Russland ass hie bekannt als Jerar Ksawije Depardjo (ru: Жерар Ксавие Депардьё).

Gérard Depardieu
Gebuertsnumm Gérard Xavier Marcel Depardieu
Gebuer 27. Dezember 1948
Châteauroux
Nationalitéit Russland, Frankräich, Vereenegt Arabesch Emirater
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Televisiounsproduzent, Geschäftspersoun, Schauspiller, Synchronspriecher, Sänger
Famill
Bestuet mat Karine Silla, Élisabeth Depardieu
Liewenspartner(in) Carole Bouquet, Karine Silla
Papp René Depardieu
Mamm Anne Depardieu
Geschwëster Alain Depardieu
Kanner Julie Depardieu, Guillaume Depardieu, Roxanne Depardieu

Zanter sengem Duerchbroch 1974 a Les valseuses zielt hien zu de bekanntste franséische Schauspiller. An iwwer 150 Filmer huet hie vu Comédien (z B.: als Obélix an 3 Astérix-Verfilmungen) iwwer Historië-Filmer (wou en ë. a. den Danton, de Kolumbus, Rodin oder de Balzac gespillt huet) a Literaturverfilmungen (Cyrano de Bergerac, Germinal, Jean de Florette, ...) bis hin zu méi dramatesche Rolle säin Talent gewisen. Hien huet virun allem a franséische Produktioune matgespillt, ma och an internationale Filmer wéi Novecento vum Bernardo Bertolucci, 1492: Conquest of Paradise vum Ridley Scott oder Green Card vum Peter Weir.

Hie gouf bis ewell 16-mol fir de César nominéiert, a krut en zweemol, fir dem François Truffaut säin Dernier métro an dem Jean-Jacques Rapenneau Cyrano de Bergerac (fir dee leschtgenannte krut hien och 1991 den Interpretatiounspräis zu Cannes.

De Gérard Depardieu ass och niewelaanscht Geschäftsmann a Wënzer. An de leschte Joren ass hie manner duerch seng Rollen, wéi duerch säi Privatliewen an der Ëffentlechkeet opgefall, notamment doduerch, datt hie mat vill Gedäisch säi Wunnsëtz vu Frankräich an d'Belsch, an dunn a Russland verluecht huet, oder datt e sech mat zentralasiateschen Despote gutt verstanen huet, souwéi wéngst sengem Alkoholkonsum.

An engem Reklammsspot fir Vinsmoselle huet hien, uganks vun den 2000er Joren, zwéi Sätz op Lëtzebuergesch geschwat.

Den Depardieu war vun 1970 bis 1996 mat der Schauspillerin Élisabeth Guignot betuet, mat där en zwee Kanner krut, de Guillaume an d'Julie, déi allenzwee och Schauspiller sinn, resp. waren. Duerno krut e mat zwou anere Fraen nach zwee Kanner.

Filmographie änneren

 
Den Depardieu (1991)

Wierker änneren

Literatur änneren

  • Meinolf Zurhorst: Gérard Depardieu. Seine Filme, sein Leben. Heyne Film- und Fernsehbibliothek Band 162. Heyne, München 1991, ISBN 3-453-05237-4.
  • Paul Chutkow: Gérard Depardieu. Vom Straßenkind zum Superstar. Kindler Verlag, München 1994, ISBN 3-463-40250-5.

Um Spaweck änneren

Commons: Gérard Depardieu – Biller, Videoen oder Audiodateien