Robert Thomas
franséische Schauspiller
De Robert Thomas, gebuer den 28. September 1927 zu Gap, a gestuerwen den 3. Januar 1989 zu Paräis, war e franséischen Auteur, Film an Theaterregisseur, Theaterdirekter a Schauspiller.
Robert Thomas | |
---|---|
Gebuertsnumm | Robert Louis Albert Thomas |
Gebuer |
28. September 1927 Gap |
Gestuerwen |
3. Januar 1989 16. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schauspiller, Dramatiker, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Regisseur, Filmregisseur |
De Robert Thomas huet als Auteur Theaterstécker geschriwwen, dernieft huet hien och als Schauspiller oder als Regisseur a senge Stécker matgewierkt.
Hien huet als Regisseur 5 Kinosfilmer gedréit an och fir Filmer um Dréibuch matgeschafft.
Vun 1970 bis zu sengem Doud am Joer 1989 war hien och Direkter vum Théâtre Édouard VII zu Paräis.
Theater
ännerenals Auteur (Auswiel)
änneren- 1958: Huit femmes
- 1962: Piège pour un homme seul
- 1965: Assassins associés
- 1969: La poulette aux œufs d'or
- 1970: Double jeu
- 1974: La chambre mandarine
Filmographie
ännerenals Regisseur
änneren- 1963: La bonne soupe - Haaptacteuren: Annie Girardot, Marie Bell, Gérard Blain
- 1964: Patate - Haaptacteuren: Jean Marais, Danielle Darrieux, Anne Vernon
- 1978: Freddy - Haaptacteuren: Jean Lefebvre, Pierre Doris, Sophie Daumier
- 1982: Mon curé chez les nudistes - Haaptacteuren: Paul Préboist, Georges Descrières, Philippe Nicaud
- 1983: Mon curé chez les Thaïlandaises - Haaptacteuren: Maurice Risch, Jacques Balutin, Marion Game
- 1984: Les Brésiliennes du bois de Boulogne - Haaptacteuren: Rebecca Potok, Michel Godin