Saint-Cloud

Franséisch Gemeng

Saint-Cloud ass eng franséisch Gemeng am Departement Hauts-de-Seine an der Regioun Île-de-France.

Saint-Cloud
D'Märei

D'Märei
D'Märei
Land Frankräich
Regioun Île-de-France
Departement Hauts-de-Seine
Arrondissement Nanterre
Kanton Saint-Cloud
Postcode 92210
Gemengecode 92064
Koordinaten 48° 50’ 38’’ N
      02° 13’ 09’’ O
Fläch  756 ha
Bevëlkerung  29 973 (2017)

Geographie änneren

Saint-Cloud huet 756 Hektar. D'Héicht variéiert tëscht 28 an 164 Meter. D'Gemeng läit op engem Hiwwel, sou datt et an der Uertschaft eng sëllegen Trapen, an och alt Rulltrapen am Stroossebild gëtt.

Geschicht änneren

D'Stad ass nom Clodoald genannt, engem Kandskand vum Clovis I.. Am Parc vu Saint-Cloud sinn d'Iwwerreschter vum Schlass vu Saint-Cloud, dat 1572 gebaut gouf, ma 1870 am Däitsch-Franséische Krich zerstéiert gouf. Bis d'Franséisch Revolutioun hunn do verschidde Membere vum Haus Orléans gewunnt. Et war och do, wou den Napoleon Bonaparte 1799 säi Staatsstreech gemaach huet, deen den Directoire op en Enn bruecht huet.

Tëscht 1693 an 1766 war an der Stad déi bekannt Parzeläinsmanufaktur vu Saint-Cloud .

Um Spaweck änneren

Commons: Saint-Cloud – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren