Simone Signoret

franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin

D'Simone Signoret, gebuer als Simone Henriette Charlotte Kaminker de 25. Mäerz 1921 zu Wiesbaden a gestuerwen den 30. September 1985 zu Auteuil-Authouillet, war eng franséisch Schauspillerin a Schrëftstellerin.

Simone Signoret
Gebuertsnumm Henriette Charlotte Simone Kaminker
Gebuer 25. Mäerz 1921
Wiesbaden
Gestuerwen 30. September 1985
Autheuil-Authouillet
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Iwwersetzer
Famill
Bestuet mat Yves Allégret, Yves Montand
Papp André Kaminker
Kanner Catherine Allégret

Liewen änneren

D'Simone Signoret ass zu Wiesbaden op d'Welt komm, wou hire Papp, en Iwwersetzer, fir déi franséisch Besatzung nom Éischte Weltkrich geschafft huet. Si ass an der Bretagne opgewuess.

1940 ass d'Famill, well de Papp polnesch-jiddesch Originnen hat, op London geflücht. D'Simone Kaminsker ass nach dat selwecht Joer op Paräis zeréckgaangen, an huet do, ënner dem Meederchersnumm vun hirer Mamm, Signoret, als Sekretärin beim Le Petit Parisien geschafft.

1941 hat si hir éischt Filmroll. 1943 huet se sech mam Regisseur Yves Allégret bestuet, mat deem s'eng Duechter, d'Catherine Allégret, krut. 1950 huet se sech scheede gelooss an 1951 de Schauspiller Yves Montand bestuet.

D'Simone Signoret huet a ville grousse Filmer matgespillt a krut fir hir Rollen ë. a. de Präis fir déi bescht Interpretatioun um Filmfestival vu Cannes 1959 an en Oscar fir déi bescht weiblech Haaptroll an Room at the Top. 1978 krut se den César als bescht Schauspillerin fir Madame Rosa. Si huet och mat Succès Theater gespillt, besonnesch, zesumme mam Yves Montand an The Crucible (1957) an a Macbeth (1966) am Royal Court Theatre zu London.

Bekannt gouf si och fir hiert politescht Engagement. 1950 huet si mam Montand d'Stockholmer Declaratioun ënnerschriwwen, an där de Verbuet vun allemn Atomwaffe gefuerdert gouf, a krut doropshin verbueden, an d'USA anzereesen. Si huet ëffentlech géint den Amarsch vun der Sowjetunioun an Ungarn protestéiert, géint de Krich an Algerien, d'Franco-Regime a Spuenien an d'"Normalisatioun" an der Tschecholslowakei, an huet sech bei Aarbechterstreiken engagéiert.

Ee Joer virun hirem Doud huet si de Roman Adieu Wolodja erausbruecht.

D'Simone Signoret ass 1985 un de Suitë vun engem Kriibs gestuerwen a gouf um Kierfecht Père Lachaise begruewen, wou sechs Joer drop och hire Mann bäigesat gouf.

Filmographie änneren

 
D'Signoret op der japanescher Affiche vu Casque d'or (1952).

Kino änneren

Kuerzfilmer änneren

  • 1946: Face à la vie vum René Chanas
  • 1946: Ulysse ou les Mauvaises Rencontres vum Alexandre Astruc
  • 1952: Jouons le jeu, sketch La Jalousie vum André Gillois
  • 1952: Saint-Germain-des-Prés vum Marcello Pagliero
  • 1953: Confidences en zig-zag sur l'amour vum André Gillois
  • 1956: Un matin comme les autres / La Rose des vents vum Yannick Bellon
  • 1969: Jour de tournage vum Chris Marker

Televisioun änneren

  • 1966: Une petite rébellion (A Small Rebellion) vum Stuart Rosenberg
  • 1978: Madame le Juge (Serie)
  • 1983: Thérèse Humbert vum Marcel Bluwal
  • 1983: Des terroristes à la retraite, Documentaire vum Mosco Boucault (Stëmm)
  • 1986: Music Hall vum Marcel Bluwal

Wierker änneren

Literatur änneren

  • Joëlle Monserrat, Simone Signoret, Paris, éditions PAC, 1983.
  • Catherine David, Simone Signoret ou la Mémoire partagée, Paris, Robert Laffont, 1990.
  • Catherine Allégret, Les Souvenirs et les Regrets aussi..., Paris, éditions Fixot, 1994, ISBN 2-72428-175-6
  • Jean-François Josselin, Simone, Paris, Grasset, 1995.
  • Huguette Bouchardeau, Simone Signoret: Biographie, Paris, Flammarion, 2005, 291 p. ISBN 2-08068-749-2
  • Emmanuelle Guilcher, Signoret: Une vie, Paris, éditions Privé, 2005.
  • Benjamin Castaldi, Dans les yeux de Simone, Paris, Albin Michel, 2010.
  • Agnès Michaux, Les Sentiments, Paris, J'ai lu, 2011. ISBN 9782290036143
  • Susan Hayward, Simone Signoret: The Star as Cultural Sign, London-New York, Continuum, 2004

Um Spaweck änneren

Commons: Simone Signoret – Biller, Videoen oder Audiodateien