Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Les Chinois à Paris ass en italieenesch-franséische Film vum Jean Yanne aus dem Joer 1974 no engem Roman vum Robert Beauvais.

Les Chinois à Paris
Film
Produktiounsland Frankräich,
Italien
Première 28. Februar 1974
Dauer 109 min
Faarf Faarweg
  Eastmancolor
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Jean Yanne
Dréibuch Jean Yanne
Gérard Sire
Robert Beauvais
Fotografie Jean Boffety
Musek Michel Magne
Schnëtt Anne-Marie Cotret
Dekoren Jacques Dugied
Schauspiller
Jean Yanne als Régis Forneret
Michel Serrault als Grégoire Montclair
Nicole Calfan als Stéphanie
Jacques François als Hervé Sainfous de Montaubert
Georges Wilson als Lefranc
Macha Méril als Madeleine
Bernard Blier als President vun der Republik
Paul Préboist als Paschtouer
Fernand Ledoux als Frugebelle
Daniel Prévost als Albert Fontanes
Paul Mercey als Resistenzler
Kyōzō Nagatsuka als Generol Pou-Yen
Lawrence Riesner
William Sabatier
Fernand Berset
Yves Barsacq als Generol
Irina Grjebina
Michel Delahaye
Jean-Louis Maury
Henri Lambert
Marc Arian als Croupier
Roland Malet
Jacques Marbeuf als Kach
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

China huet Europa eruewert. De Film erzielt wéi d'Fransouse mat de Chineesen eens ginn: De President rifft op der Televisioun zum heroesche Widderstand op, ier e sech mam État-major duerch d'Bascht an Amerika mécht; anerer erkennen d'Gonscht vun der Stonn an 'erënnere' sech drun, datt si schonn ëmmer am Häerz Marxisten-Leniniste waren, nach anerer verdénge sech eng gëllen Nues, andeem se Geschäfter mam Occupant maachen...

Soss änneren

De Film ass eng bësseg Satir op Frankräich ënnert enger Besatzung. De Film, dee vum Michel Dassault produzéiert gouf, ass mat groussem Opwand gemaach: Dausende vun asiateschen (meeschtens vietnameeseschen) Statiste goufe rekrutéiert, fir a Mao-Uniform duerch Paräis ze marschéieren; d'Galeries Lafayette goufen an de Quartier-général vum chineesesche Majouer Pou ëmgebaut; op der Place du Trocadéro gouf eng Massenzeen mat Dausende vun 'typesche' Kulturvertrieder gedréint, an am Film ass eng 'revolutionär' Ballets-Versioun vum Bizet senger Oper Carmen (als "Carmeng") ze gesinn.

Um Spaweck änneren