Gemeng Rouspert

fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Iechternach

D'Gemeng Rouspert war bis Enn 2017 eng vun den dunn 105 lëtzebuergesche Gemengen.

Rouspert
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rosport
de: Rosport
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Chef-lieu Rouspert
Awunner 2.293
  1. Januar 2017
Fläch 2.949 ha
Héicht 177 m
Koordinaten 49° 48’ 21’’ N
      06° 30’ 13’’ O
LAU-Code LU1007
Websäit http://www.rosport.lu
D'fréier Gemeng Rouspert (orange)
am Kanton Iechternach (rout)

Op den 1. Januar 2018 ass se mat der Gemeng Mompech zu der Gemeng Rouspert-Mompech fusionéiert.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1] änneren

Geographie änneren

An der Rousperter Gemeng läit den ëstlechste Punkt vum Land op 6°31'53"[2].

Geschicht änneren

Fusioun 2018 änneren

Am Oktober 2015 goufe Pläng vun enger méiglecher Fusioun tëscht de Gemenge Rouspert a Mompech bekannt gemaach.[3] De 24. Abrëll 2016 hunn d'Bierger aus den zwou Gemengen an engem Gemengereferendum mat grousser Majoritéit fir eng Fusioun, den 1. Januar 2018, gestëmmt (80,07 Prozent zu Rouspert, 65,18 Prozent zu Mompech). Als neien Numm gouf "Gemeng Rouspert-Mompech" ausgesicht.[4],[5]

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Wopen änneren

  Beschreiwung am Originaltext:

coupé-ondé de gueules et d'azur à trois crosses d'abbé d'or, deux affrontées et passées en sautoir, la troisième renversée et mise en pal; à la croix ancrée d'argent en abîme brochant sur le tout
D.C. 4. Abrëll 1983 - A.M. 10. Oktober 1985 - Mémorial B 1985, Säit 120 - Projet: 1982 Marcel Lenertz

Politik änneren

Buergermeeschteren änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1888 - 1925: Robert Tudor
  • ...
  • . . . . - 1938: Nic Meyers
  • 1938 - 1940: Mathias Ries
  • ...
  • 1945 - 31. Dez. 1957: Mathias Ries
  • ...
  • 1970 - 1981: René Hubert
  • ...
  • . . . . - 2017: Romain Osweiler

Literatur zum Theema änneren

Jos Krippes, Chronik der Gemeinde Rosport, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1998

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Territoire. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  3. "Referendum geplangt: Rouspert a Mompech kéinte fusionéieren." rtl.lu, Update: 28.10.2015, 13:26:52.
  4. "Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!" op wort.lu vum 24 Abrëll 2016
  5. Informatioun iwwer de Referendun op der Websäit vun der Gemeng Rouspert Archivéiert op 2016-03-08. Gekuckt de(n) 2016-03-03.