Gemeng Néngsen

fréier Gemeng a Lëtzebuerg

D'Gemeng Néngsen war eng fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Wolz. Si hat den Numm vun der d'Uertschaft Néngsen. Den 1. Januar 2012 huet Néngsen mat de Gemenge Heischent an Esch-Sauer fusionéiert.

Néngsen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Neunhausen
de: Neunhausen
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Awunner 320
Fläch 1.185 ha
Héicht 435 m
Koordinaten 49° 52’ 37’’ N
      05° 53’ 09’’
D'fréier Gemeng Néngsen (orange)
am Kanton Wolz (rout)
Fréiert Gemengenhaus zu Bommel

D'Gemengenhaus stoung zu Bommel.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1]

änneren

Geographie

änneren

D'Gemeng Néngsen louch matzen am Naturpark Uewersauer ëmgi vun de Gemenge Bauschelt, Esch-Sauer, Rammerech, Stauséigemeng a Wal.

Buergermeeschteren[2]

änneren
  • 1808 - 1815: Johannes Krier
  • 1815 - 1825: Charles Pénin
  • 1824 - 1825: Gerardus Koemptgen
  • 1825 - 1849: Bernard Pletschette
  • 1849 - 1864: Théodore Majerus
  • 1864 - 1867: Peter Hahn
  • 1867 - 1874: Jean Nicolas Burgraff
  • 1874 - 1905: Anton Bissen
  • 1905 - 1918: Henri Origer
  • 1918 - 1818: Nicolas Kler
  • 1918 - 1946: Edouard Zigrand
  • 1946 - 1970: Nicolas Origer
  • 1970 - 1995: Jean Laures
  • 1995 - 2011: Pierre Bormann

Gemengewalen

änneren

No de Gemengewale vun 1993 waren am Gemengerot vun der Gemeng Néngsen:

No de Gemengewale vun 1999 waren am Gemengerot vun der Gemeng Néngsen:

  • Sektioun Ënsber/Lëlz: Pierre Bormann, Joël Feyerstein, Annick Gengler (bestuet Kraus), Marie-Gabrielle Schleich (bestuet Wolff), Marcel Thilmany
  • Sektioun Néngsen: Michel Delleré, Roger Lanners

Eng Ofännerung vum Walgesetz huet ënner anerem mat sech bruecht datt et keng Sektiounen a kee Ballotage méi bei de Gemengewale gëtt.

Well sech fir d'Gemengewale vum 9. Oktober 2005 just 7 Leit fir déi 7 Plazen am Gemengerot vun der Gemeng Néngsen ageschriwwen haten, war keng Wal noutwenneg. Et waren automatesch gewielt: Pierre Bormann, Charles Brack, Michel Delleré, Joël Feyerstein, Roger Lanners, Léon Rippinger a Marie-Gabrielle Schleich (bestuet Wolff).

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Lëscht op der Websäit vun der Gemeng Esch-Sauer Archivéiert de(n) 17.05.2012. Gekuckt de(n) 29.11.2012.