Gemeng Hengescht

Gemeng Hengescht

D'Gemeng Hengescht, oder Hengischt wéi d'Leit aus där Géigend soen, war bis de 5. Dezember 2011 eng vun den deemools 116 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Hiren Numm hat se vun der Uertschaft Hengescht.

Hengescht
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Heinerscheid
de: Heinerscheid
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Awunner 1.286
  01.11.2011
Fläch 3.429,67 ha
Héicht 520 m
Koordinaten 50° 5’ 44’’ N
      6° 5’ 16’’ O
Websäit http://www.heinerscheid.lu/
D'fréier Gemeng Hengescht (orange)
am Kanton Klierf (rout)

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1] änneren

Geographie änneren

D'Gemeng Hengescht huet am nordëstlechen Éislek am Kanton Klierf geleeën, matzen am Naturpark Our mat engem Héichtenënnerscheed vun 266 m tëscht dem besiidelte Plateau (542 m) an dem Ourdall (276 m). Zu Léiler huet d'Gemeng um Lieu-dit Trois-frontières d'Grenz mat der Belsch an Däitschland gemaach, a ronderëm louchen d'Gemenge Klierf, Munzen, Wäiswampech a Wëntger.

Gemengefusioun 2012 änneren

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionéieren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zu Gonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam Lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufen de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt.

Schoulinfrastruktur änneren

D'Kanner vun der Gemeng Hengescht sinn op Reiler an déi deemoleg interkommunal Grondschoul vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen gaangen.

Buergermeeschteren änneren

  • 24.11.2005 - 05.12.2011: Raymond Thielen
  • 13.02.1996 - 23.11.2005: Camille Eilenbecker
  • 01.08.1989 - 05.12.1995: Jean Lentz
  • 01.01.1970 - 01.06.1989: Bernard Linckels
  • (...)

Kuckt och änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.