Gemeng Simmer

fréier lëtzebuergesch Gemeng

D'Gemeng Simmer war vun 1843 bis Enn 2017 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen, am Äischdall. Den 1. Januar 2018 ass si mat der Gemeng Habscht zu enger vergréisserter Gemeng Habscht fusinéiert.

Simmer
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Septfontaines
de: Simmern
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Chef-lieu Simmer
Awunner 812
  1. Januar 2017
Fläch 1.496 ha
Héicht 267 m
Koordinaten 49° 42’ 01’’ N
      05° 57’ 57’’ O
LAU-Code LU0109
Websäit http://www.septfontaines.lu
D'fréier Gemeng Simmer (orange)
am Kanton Capellen (rout)

Uertschaften an der fréierer Gemeng[1] änneren

Geschicht änneren

1843 ass d'Gemeng Simmer aus der Fusioun vun de fréiere Gemenge Simmer, Rued a Gräisch entstanen[2].

Fusioun am zweeten Ulaf änneren

2010 goufe Pläng fir eng Fusioun mat der Gemeng Käerch vun deenen zwéi betraffene Gemengeréit guttgeheescht. Déi Pläng goufen awer an engem Referendum, de 24. Oktober 2010, vun enger Majoritéit vun de Käercher Wieler net ugeholl (zu Simmer waren 79 % dofir).[3]

2013 hunn d'Buergermeeschtere vu Simmer an Habscht bekannt gemaach, e Gemengereferendum iwwer d'Fusioun vun hiren zwou Gemengen z'organiséieren. Nodeems de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer 59,75 Prozent vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt haten,[4] hu sech den 9. November 2014 och an der Gemeng Habscht bei sou engem Referendum 59,3 % vun de Wieler dofir ausgeschwat.[5] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, op den 1. Januar 2018, zougestëmmt[6],[7].[8]

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Quell:STATEC

Politik änneren

 
d'fréiert Gemengenhaus zu Simmer.

Buergermeeschteren änneren

  • ...
  • 1844: Jacques Huberty[9]
  • 1849: Jean-Baptiste Jacoby[10]
  • ...
  • 1945: Jean Mamer[11]
  • ....
  • .... - 1993: Raymond Ewen
  • 1993 - 2003: Arthur Decker[12]
  • 2003 - 2011: Marie-Josée Gressnich-Weiler
  • 2011 - 2014: Marco Boly
  • 2014 - 2017: Yves Ewen

Interkommunal Syndikater änneren

D'Gemeng Simmer war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Aner Associatiounen änneren

  • Association des Communes et des Syndicats d'Initiative des vallées de l'Eisch, de la Mamer et de l'Attert (assivema.lu)

Literatur änneren

  • Michel Polfer: Das gallorömische Brandfeldergrab und der dazugehörige Verbrennungsplatz von Septfontaines-Dëckt, Verkaf op der Simmer Gemeng
  • Jacques Dollar: La Simmerschmelz et les Forges d'Ansembourg, Verkaf op der Simmer Gemeng
  • Jemp Kunnert: Die Bevölkerungsentwicklung der Gemeinde Simmern von 1821 bis 1999, in: 50ème anniversaire FC Iska Boys Simmern. - Septfontaines: Football Club Iska Boys ; [2005]. - P. 143-145, ill., fig.

Um Spaweck änneren

Commons: Simmer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Abschied und Neuanfangg - Der letzte Bürgermeister von Simmern, Yves Ewen, blickt zurück und nach vorn op wort.lu de 5. November 2017, gekuckt de 5. November 2017
  3. "Iwwerraschende Vote: Keng Fusioun vu Käerch a Simmer." rtl.lu, RTL - 24.10.2010, 08:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2010, 16:26.
  4. "Fusioun mat Habscht? Simmer seet jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:26:52.
  5. "Habscht: 59,73% fir eng Fusioun mat der Gemeng Simmer." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 10:43:15.
  6. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
  7. Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Hobscheid et de Septfontaines Mémorial A 69 / 2016, op www.legilux.lu, gekuckt de 5. November 2017
  8. "Neue "Gemeng Habscht" ab 2018?" wort.lu, Veröffentlicht am 27.09.13 13:12.
  9. Arrêté royal grand-ducal du 29 décembre 1843, N° 2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché Mémorial 2926f / 1844, S. 18, op www.legilux.lu, gekuckt de 5. November 2017
  10. Arrêté royal grand-ducal du 22 janvier 1849, N° 6, portant nomination de bourgmestres Mémorial 6 / 1849, S. 84, op www.legilux.lu, gekuckt de 5. November 2017
  11. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.
  12. Dem Buergermeeschter Arthur Decker vu Simmer zum Gedenken am Luxemburger Wort vum 8. Juli 2003, S.17