Eschduerf

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Esch-Sauer

Eschduerf (lokal: Eschdöerf[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Esch-Sauer.

Eschduerf
Eschdöerf
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Eschdorf
de: Eschdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Esch-Sauer
Buergermeeschter Laurent Hilger
Awunner 895
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Fläch 1.151,7716 ha
Héicht 503 m
Koordinaten 49° 53’ 07’’ N
      05° 56’ 06’’ O

Geschicht änneren

Bis 1827 war Eschduerf eng eegestänneg Gemeng[2]. Du gouf d'Sektioun Eschduerf bei d'Gemeng Heischent geprafft an déi aner Sektioune koumen an déi deemools nei gegrënnt Gemeng Néngsen. Enn 2011 hunn dunn déi fréier Gemengen Heischent an Néngsen mat Esch-Sauer fusionéiert.

Zu Eschduerf steet d'Gemengenhaus vun der Gemeng Esch-Sauer.

Geographie änneren

Eschduerf läit am Éislek op enger Héicht vu ronn 500 Meter. Déi héchst Plaz ass um Lieu-dit Quatre-Vents mat 519 Meter.
Um Flouer vun Eschduerf entsprangen a puer kleng Baachen, d'Broubich déi hir Quell an der Aalheck huet, an d'Millbech, déi aus zwou Quelle beim Millbecherknapps entsteet. Allebéid si riets Niewebaache vun der Dirbech.

Veräinsliewen änneren

  • Amiperas Sektioun Eschduerf
  • Chorale Ste. Cécile Eschdorf
  • Coin de Terre et du Foyer Eschduerf
  • Entente des Sociétés Eschdorf
  • F.C. Racing Heiderscheid-Eschdorf
  • Eschdoerfer Musik
  • Jeunesse Eschdorf-Merscheid
  • KC Eschdorf 03
  • KC Puddelwerfer
  • Keleclub "Op der Knupp"
  • Sapeurs Pompiers Eschdorf
  • Syndicat d'Initiative Eschduerf-Merscheed
  • Guiden a Souten St. Pirmin vum Séi
  • H.C. Uewersauer

Literatur änneren

 
Al Haiser (2006)
  • Evy Friedrich, Marcel Tockert: Eschdorf, Revue, 1974, Nr. 48, Säiten 44 bis 49
  • Sapeurs-pompiers Eschdorf: 100e anniversaire et inauguration du nouveau drapeau: 25 juillet 1975, 1975
  • Marco Schank: Een Döerf, gëschter, haut... a möer?: d'Entwécklung vun eisen Deerfer unhand vun enger Kuurzbeschreiwung, Op der Lay (Esch-Sauer), 1992, ISBN 2-87967-012-8
  • Sapeurs-pompiers Eschdorf: Pompjees-Corps Eschdöerf: 1875 - 2000, 2000, ISBN 2-87967-083-7
  • Fanfare Concordia Eschdorf: 50 Joer Eschdörfer Musik (1951-2001), Op der Lay (Esch-Sauer), 2001, ISBN 2-87967-089-6

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eschduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Am "Hënneschten Eck"
 
Zu Eschduerf

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Dictionnaire géographique du Luxembourg, Säit 217