Gemeng Groussbus
D'Gemeng Groussbus ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Réiden. Op den 1 Januar 2021 hat se 1.112 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Groussbus vun där se och hiren Numm huet.
Groussbus | |
---|---|
![]() | |
D'Gemengenhaus | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Grosbous de: Grosbous |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Buergermeeschter | Paul Engel |
Awunner | 1.112 |
1 Januar 2021 | |
Fläch | 2.011 ha |
Koordinaten |
49° 49’ 39’’ N 05° 57’ 56’’ O |
Websäit | http://www.grosbous.lu/ |
D'Gemeng Groussbus (orange) am Kanton Réiden (rout) | |
Uertschaften an der GemengÄnneren
GeschichtÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
FusiounsplängÄnneren
2019 hunn d'Pläng vun enger Fusioun mat der Gemeng Wal ugefaangen. De 27. Juni 2021 gouf dofir an deenen zwou Gemengen e konsultative Referendum organiséiert[1]. Zu Groussbus hu 70,42% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt (zu Wal waren et der 62,25%)[2],[3],[4].
Déi nei Gemeng soll den Numm Gemeng Groussbus-Wal kréien, dat neit Gemengenhaus kënnt op Groussbus, an déi ëmgebaut a vergréissert al Schoul[5]. Déi nei Gemeng soll vum 1. September 2023 u funktionéieren, iwwerdeems de Gemengerot fir d'Fusiounsgemeng scho bei de Gemengewalen am Juni 2023 gewielt gëtt[6].
Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC
WopenÄnneren
De Wope vun der Gemeng gouf de 16. November 1982 vum Gemengerot ugeholl, an duerch en Arrêté ministériel vum 1. Dezember 1982 agreéiert. (Mémorial B vun 1982, Säit 994). Beschreiwung am Originaltext:
- Ecartelé en sautoir: aux I et IV de gueules à la quinte-feuille d'oeillet d'argent; aux II et III d'or au lion de gueules, celui du II contourné.
PolitikÄnneren
BuergermeeschterenÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
...
- 1.1.1994 - 31.12.2005: Paul Bormann
- 1.1.2006 - November 2011: Nico Simon
- November 2011 - Abrëll 2015: John Elsen.
- Abrëll 2015 - Oktober 2017: Armand Olinger
- zanter... 2017: Paul Engel
Interkommunal SyndikaterÄnneren
D'Gemeng Groussbus ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Groussbus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ John Lamberty: "2021: Grosbous und Wahl hoffen auf Ja-Wort der Bürger." wort.lu, 02.01.2021.
- ↑ Marc Hoscheid, Bürgersegen für Gemeindehochzeit, Luxemburger Wort 28.06.2021, S. 14
- ↑ Groussbus a Wal: Majoritéit vun de Wieler huet fir eng Fusioun gestëmmt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-28.
- ↑ Groussbusser Buet, September 2021
- ↑ "Grosbous: Schule wird Rathaus." wort.lu, 21.12.2021.
- ↑ Definitives Ja zur Fusion zwischen Grosbous und Wahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe. wort.lu (04.03.2022). Gekuckt de(n) 04.03.2022.