Kaalmes

Uertschaft an der Gemeng Sëll

Kaalmes ass eng Uertschaft an der Gemeng Sëll.

Kaalmes
Zu Kaalmes Um Wäschbuer (2009).
D'Haaptstrooss a Richtung Iener gekuckt.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Calmus
de: Kalmus
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Sëll
Buergermeeschter Gérard Zoller
Awunner 90
  Juli 2006
Koordinaten 49° 43’ 30’’ N
      5° 57’ 47’’ O

Geographie

änneren

Kaalmes ass eng Uertschaft déi landwirtschaftlech markéiert ass. D'Wisen an d'Akerfläche breede sech haaptsächlech no Westen an no Norden aus, am Osten an Nordoste läit de grousse Bësch Härel mat dem Ditzebierg eng 376 m héich Kopp, an dem Kuelebierg mat 378 Meter. Am Süde stéisst d'Gewan un d'Läichenhiel e laangen Hank dee sech bis op Iener zitt.

Iwwer de Flouer vu Kaalmes an deelweis laanscht d'Sektiounsgrenz leeft d'Hasselbaach, déi am Norde vu Kaalmes an d'Schweebech leeft.

D'Uertschaft ass un de Verkéier ugeschloss iwwer den CR301, an e Feldwee deen op Kapweiler féiert.

Am Westen, am Dall vun der Hasselbaach läit d'Kaalmesser Millen.

Geschicht

änneren

Ënner dem Wëllem II. goufen den 8. August 1822 d'Gemenge Sëll a Kaalmes per Dekreet fusionéiert.

Kuckeswäertes

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kaalmes – Biller, Videoen oder Audiodateien