Gemeng Eech

fréier lëtzebuergesch Gemeng
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Gemeng Eech. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Eech.

D'Gemeng Eech ass eng fréier Gemeng um Gebitt vun de haiteger Gemeng Lëtzebuerg.

Gemeng Eech
An der Eecher Strooss (ëm 1920)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Eich
de: Eich
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg

Geschicht änneren

No der Franséischer Revolutioun gouf aus dem Haff Eech, déi eegestänneg Gemeng Eech déi aus Beggen, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng, den ënneschten Deel vum Rollengergronn, de Siwebueren, der Millebaach, dem Kierchbierg, dem Sichegronn, dem Weimeschhaff an dem Neiduerf bestanen huet.

Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849) gouf d'Gemeng Eech gedeelt. D'Sektioune Rollengergronn, Roudebierg, Lampertsbierg, Siwebueren (mat der Parzeläinsfabrik), en Deel vun der Sektioun Millebaach an deen Deel vun der Sektioun Reckendall deen zur Gemeng Eech gehéiert huet, goufen déi nei Gemeng Rollengergronn.

Den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920) huet d'Gemeng Eech mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert an ass zanterhier e Quartier vun der Stad.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eech (Stad Lëtzebuerg).

Buergermeeschteren änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  2. Avis. — Nomination de bourgmestres am Mémorial - Zweeten Deel. Nr 13 vum 18. Mäerz 1861
  3. Jean Thoma: KIRCHBERG. Kirchberg - Siechengrund in früheren Zeiten. Eine Dokumentation zur Geschichte der Ortschaft und der Bewohner., 2001, S. 447 genea.lu