Gemeng Mompech
D'Gemeng Mompech war bis Enn 2017 eng vun den dunn 105 lëtzebuergesche Gemengen.
Mompech | |
---|---|
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Mompach de: Mompach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Chef-lieu | Mompech |
Awunner | 1.303 |
1. Januar 2017 | |
Fläch | 2.758 ha |
Héicht | 302 m |
Koordinaten |
49° 45’ 05’’ N 06° 27’ 49’’ O |
LAU-Code | 1006 |
Websäit | http://www.mompach.lu/ |
D'fréier Gemeng Mompech (orange) am Kanton Iechternach (rout) | |
- Uertschaften an der fréierer Gemeng:
- Bur (Born)
- Buerschdref (Boursdorf)
- Giwenech (Givenich)
- Hierber (Herborn)
- Méischdref (Moersdorf)
- Mompech (Mompach)
- Lieu-diten an der fréierer Gemeng:
- Liljen (Lilien)
Geschicht
ännerenEntwécklung vun der Awunnerzuel
ännerenQuell:STATEC
Wopen
ännerenBeschreiwung am Originaltext: écartelé: aux I et IV bandé d'or et d'azur de six pièces à la croix ancrée de gueules brochante; aux II et III d'argent au lion de sable armé et lampassé de gueules |
Politik
ännerenBuergermeeschteren
änneren- ....
- Mathias Wirtz, De Grousspapp vum Raymond Weydert, 1921-1963
- Chrétien Weydert, de Papp vum Raymond Weydert, 1963-1975
- Marcel Schomer, 1976-1988
- Irma Krippes-Dahm, 1988-2011
- Joseph Schoellen, 2011-2017
Fusioun 2018
ännerenAm Oktober 2015 goufe Pläng vun enger méiglecher Fusioun tëscht de Gemenge Rouspert a Mompech bekannt gemaach.[2] De 24. Abrëll 2016 hunn d'Bierger aus den zwou Gemengen an engem Gemengereferendum, mat grousser Majoritéit fir d'Fusioun gestëmmt (80,07 Prozent zu Rouspert, 65,18 Prozent zu Mompech). Als zukünftegen Numm gouf "Gemeng Rouspert-Mompech" zeréckbehalen.[3],[4]
Referenzen
änneren- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ "Referendum geplangt: Rouspert a Mompech kéinte fusionéieren." rtl.lu, Update: 28.10.2015, 13:26:52.
- ↑ "Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!" op wort.lu vum 24 Abrëll 2016
- ↑ Informatioun iwwer de Referendun op der Websäit vun der Gemeng Mompech Archivéiert de(n) 2016-04-24. Gekuckt de(n) 2016-03-03.