D'Gemeng Kënzeg war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen, am Distrikt Lëtzebuerg. Mat der Gemeng Nidderkäerjeng huet si zu der Gemeng Käerjeng fusionéiert.

Kënzeg
An anere Sproochen fr: Clemency
de: Küntzig
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Awunner 2.201
  Juli 2010
Fläch 1.442,4989 ha
Koordinaten 49° 35’ 49’’ N
      05° 52’ 28’’ O
D'fréier Gemeng Kënzeg (orange)
am Kanton Capellen (rout)

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1] änneren

Geographie änneren

Den héchste Punkt an der Gemeng ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m.

Geschicht änneren

Déi éischt Spuer vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt gouf, déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.

Schrëftlech gëtt Kënzeg fir d'éischt an der éischter Hallschent vum 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell ernimmt.

Fusioun mat Nidderkäerjeng änneren

Den 18. Mee 2010 huet de Kënzeger Gemengerot, de selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Nidderkäerjeng, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[2] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[3] D'Fusioun trëtt den 1. Januar 2012 a Kraaft.

Wopen änneren

Kënzeg krut säi Wopen duerch en Arrêté ministériel vum 19. Oktober 1982.

En ass zesummegesat aus dem ale Wope vun den Häre vu Kënzeg (Faarf vum Feld, d'Baarwen an d'Kräizer), an deem vun der Vogtei Lëtzebuerg (déi dräi Tierm).

Beschreiwung vum Wopen:

Um sëlwerege Feld, zwéi Baarwen déi sech de Réck dréinen, mat véier klenge roude Kräizer mat gespëtztem Fouss, de Kapp vum Feld blo, mat enger sëlwerfaarweger Paart mat dräi Tierm.

Buergermeeschtere vu Kënzeg zanter 1815 änneren

  • 1815-1830: Pierre Decker
  • 1830-1832: Henri Simon
  • 1832-1836: Michel Schleimer
  • 1836-1861: Michel Maximlien Joseph Tibesar[4]
  • 1861 Januar-Abrëll: Wilhelm Ernster
  • 1861-1867: Jean Kirsch
  • 1867-1879: Pierre Berens
  • 1879-1891: Jean Kirsch
  • 1891-1912: J.-B. Biver
  • 1912-1921: Jean-Eugène Kirsch
  • 1921-1925: J.-P- Schmitz
  • 1925-1933: Nic Klein
  • 1933-1946: Michel Schumacher
  • 1946-1957: Joseph Jeitz[5]
  • 1957-1963: Félix Heinen
  • 1964-1969: Albert Kirsch
  • 1970-1975: Antoine Hirtz
  • 1976-1981: Marcel Hellbach
  • 1982-1984: Guillaume Jeitz
  • 1985-1987: Nicolas Ehleringer
  • 1987-1996: Fred Reuter
  • 1997-2007: Daniel Hautus
  • 2007-2011: Jeannot Jeanpaul

Bevëlkerungsstruktur änneren

(Mäerz 2007)
Vun den 2 185 Awunner si 512 Auslänner (23,4 %) vun 30 verschiddenen Nationalitéiten:

1 673 Lëtzebuerger,
172 Belsch,
124 Portugisen,
61 Fransousen,
50 Italieener,
28 Däitscher,
21 Chinesen
---

Jumelagen änneren

Kënzeg war jumeléiert mat Gaflenz an Ueweréisträich am Distrikt Steyr-Land

Gemengesyndikater änneren

SES - SIDOR - SICEC - SIGI - SYVICOL - SICONA-Sud-Ouest - Minett-Kompost - SIDERO

Referenzen änneren

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
  3. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  5. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Archivéiert op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.