D'Departement Forêts (fr.: Département des Forêts), war vum 24. Oktober 1795 bis 1814 e franséischt Departement an der éischter franséischer Republik an duerno am éischte franséische Keeserräich.

Lag vum Département des Forêts op enger historescher Kaart.

Geschicht

änneren

Den Dekreet vun der Convention nationale vum 1. Oktober 1795[1] huet d'Annexioun[2] vun de fréieren éisträicheschen Nidderlanden a vum Prënzbistum Léck proklaméiert. Am Dekreet war d'Opsplécke vum Gebitt an néng Departementer virgesinn, deenen hir Limitten duerch franséisch Kommissäre festzeleeë waren. Den Dekreet huet och nach virgesinn, datt d'Verwaltungsstrukturen op allen Niveaue séier ageriicht sollte ginn: d'Verwaltunge vun den Departementer, d'Verwaltunge vun de Gemengen an d'Geriichter. All d'Beamte sollte konform zur Constitutioun vum Joer III gewielt ginn.

De 24. Oktober gëtt den Département des Forêts offiziell ageriicht. En ëntsprécht dem Gros (~ 2/3) vum Herzogtum Lëtzebuerg, dat elo verschwënnt. De Rescht vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg kënnt bei d'Departementer Sambre-et-Meuse (Haaptuert: Namur) an Ourthe (Haaptuert: Léck). Am Weste vum Departement Forêts kënnt e Stéck vum fréieren Herzogtum Bouillon bäi.

1798 kënnt et zum Volleksopstand souwuel an de "germaneschen" wéi och an de "romaneschen" Deeler vum Departement, deen ënner den Numm Klëppelkrich (Guerre des gourdins) an der kollektiver Erënnerung bleift.[3]

Den Numm Forêts

änneren

Een Ament huet et sou ausgesinn, wéi wann dat Departement Département des Ardennes orientales sollt heeschen. Awer, wéinst de ville Bëscher, déi de gréissten Deel vu sengem Territoire bedeckt hunn, huet sech dach den Numm Forêts duerchgesat.

Geographie

änneren

D'Departement Forêts huet haaptsächlech aus dem gréissten Deel vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg an engem Deel vum Herzogtum Bouillon bestanen, wat engem groussen Deel vun der haiteger Provënz Lëtzebuerg, dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an dem Weste vu Rheinland-Pfalz entsprécht.

D'Departement hat eng Fläch vu 6.910,35 km² an et hunn déizäit 246.333 Leit do gewunnt.[4],[5]

Eng qualitativ héichwäerteg Kaart vum Département des Forêts fënnt een als Bäilag vum Gilbert Trausch senger Publikatioun La répression du « Klepelkrich ».[3]

Ënnerdeelung

änneren

D'Departement war a 4 Arrondissementer (Verwaltungsbezierker) an 28 Kantonen ënnerdeelt.[6] An all Kanton war ausserdeem e Friddensgeriicht.

Arrondissementer Kantonen (haut Lëtzebuerg) Kantonen (haut Belsch) Kantonen (haut Däitschland)
Lëtzebuerg Käerjeng, Gréiwemaacher, Hesper (1795-1802), Lëtzebuerg-Stad, Lëtzebuerg-Land, Miersch, Réimech, Rued-Sir Arel, Messancy
Béibreg Iechternach Arzfeld, Béibreg, Dudeldorf, Neuerburg
Dikrech Klierf, Dikrech, Osper, Veianen, Wolz
Neufchâteau Baaschtnech, Chenogne, Étalle, Fauvillers, Florenville, Houffalize, Neufchâteau, Paliseul, Virton

Lëscht vun de Prefekten

änneren

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren
  • Kayser, Edouard Marc, 1994. Du Grand-Duché de Belgique mort-né [1790] au Grand-Duché de Luxembourg partagé [1839] - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle. récré 10: 169-188. Dikrech (APESS).
  • Kreins, Jean-Marie, 1996. Histoire du Luxembourg. 2è. edition, 128 p. Collection Que sais-je?. Paris: Presses Universitaires de France. ISBN 2-13-047586-8.
  • Lasius, Albrecht Friedrich Ludolf, 1813. Der französische Kayser-Staat unter der Regierung des Kaysers Napoleon des Großen im Jahre 1812. Ein historisches-Handbuch, Erste Abteilung, Osnabrück bey Johann Gottfried Kißling. (S. 234)
  • Lefort Alfred, 1905. Histoire du Département des Forêts. (Le Duché de Luxembourg de 1795 à 1814). Deel I, Lëtzebuerg, Imprimerie P. Worré-Mertens.
  • Trausch, Gilbert, 1967. À propos du « Klepelkrich » : la répression des soulèvements paysans de 1798 dans le Département des Forêts (Aspects et problèmes). Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg Vol. 82: 7-245.

Referenzen

änneren
  1. Den 1. Oktober 1795 entsprécht dem 9 vendémiaire an IV am « calendrier républicain français ».
  2. Dës Annexioun gouf eréischt 1797 duerch den Traité vu Campo-Formio international unerkannt. Den Traité vu Lunéville huet 1801 nach emol dës territorial Uspréch vu Frankräich bestätegt.
  3. 3,0 3,1 Cf. Trausch 1967 an der Literatur.
  4. Almanach impérial 1810
  5. Almanach Impérial, 1811, Säit 400
  6. An enger éischter Phas waren et 5 Arrondissementer a 26 Kantonen. Cf. Kreins 1996 an der Literatur.
  Déi 45 Departementer déi ënner dem Premier Empire (1804-1814) u Frankräich ugeschloss waren  

Departementer an der Belsch an Holland an zu Lëtzebuerg: Bouches-de-l'Escaut | Bouches-de-l'Yssel | Bouches-de-la-Meuse | Bouches-de-Rhin | Deux-Nèthes | Dyle | Ems-Occidental | Escaut | Forêts | Frise | Jemmape | Lys | Meuse-Inférieure | Ourthe | Sambre-et-Meuse | Yssel-Supérieur | Zuyderzée |
Departementer an Däitschland: Bouches-de-l'Elbe | Bouches du Weser | Ems-Oriental | Ems-Supérieur | Lippe | Mont-Tonnerre | Rhin-et-Moselle | Roer | Sarre |
Departementer an Italien: Alpes-Maritimes | Appenins | Arno | Doire | Gênes | Marengo | Méditerrannée | Mont-Blanc | Montenotte | Ombrone |  | Rome | Sésia | Stura | Taro | Trasimène
Departementer an der Schwäiz: Léman | Simplon | Mont-Terrible |