Gemeng Eschweiler

fréier Gemeng zu Lëtzebuerg


Déi fréier Gemeng Eschweiler (Eeschwëller fir d'Awunner), war bis Enn 2014 eng eege Gemeng, ier se op den 1. Januar 2015 mat der Gemeng Wolz fusionéiert huet.

Eschweiler
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Eschweiler
de: Eschweiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Chef-lieu Eschweiler
Fläch

1985,0753 ha [1]

ha
Héicht 433 m
Koordinaten 49° 59’ 50’’ N
      05° 56’ 53’’ O
Déi fréier Gemeng Eschweiler (orange) am Kanton Wolz (rout)

Geographie änneren

D'Gemeng Eschweiler huet am Nordweste vum Land geleeën. Nopeschgemenge ware Wolz am Süden, Wanseler am Südwesten, Wëntger am Nordwesten an Norden, Klierf am Norden an Nordosten a Kiischpelt am Osten. D'Gemeng Eschweiler louch am Kanton Wolz an am Distrikt Dikrech.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[2] änneren

Geschicht änneren

De 24. Februar 2014 hunn d'Gemengeréit vu Wolz an Eschweiler zu enger Fusioun vun deenen zwou Gemenge gréng Luucht ginn.[3] De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 77 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun mat Eeschwëller ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun.[4] De Gesetzesentworf fir d'Fusioun gouf de 17. Dezember 2014 eestëmmeg an der Chamber gestëmmt.[5]

Politik änneren

Buergermeeschteren änneren

  • ...
  • 1979 - 1987: Jean-Pierre Strotz
  • .... - 1999:
  • 1999 - 2005:
  • 2005 - 2014: François Rossler

Referenzen änneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. Eschweiler und Wiltz schmieden eifrig an Hochzeitsplänen wort.lu 24.2.2014 20:39
  4. Referenden zu Fusionen in den Gemeinden wort.lu, 25.5.2014 14:59
  5. Fusion von Wiltz und Eschweiler ist perfekt wort.lu 17.12.2014 13:36